Lokal Ekonomie

Fondation Autisme Luxembourg

Veröffentlicht: 08/04/2026 - 15:40
Aktualisiert: 28/04/2026 - 16:00
3 Minuten
Foto: FAL

Zënter 30 Joer engagéiert sech d’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) fir Mënsche mat Autismus, ënnerstëtzt hir Familljen a bitt eng ëmfaassend Betreiung un. Op verschiddene Standuerter am Land, dorënner zu Rammerich, assuréiert d’Fondatioun Servicer, déi op déi konkret Besoine vun de betraffene Persounen ofgestëmmt sinn – vun der Ënnerbréngung iwwer Dagesaktivitéite bis hin zur therapeutescher a sozialer Ënnerstëtzung. Mat hirem Asaz dréit d’FAL all Dag dozou bäi, d’Autonomie, d’Inklusioun an d’Liewensqualitéit vu Mënsche mat Autismus zu Lëtzebuerg ze fërderen.

GENERELLES 

Wat ass d’Missioun vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL)?

Eis Haaptmissioun ass eng ëmfaassend a konsequent Betreiung fir autistesch Persounen ze garantéieren an hir Familljen ze ënnerstëtzen. Do dernieft entwéckele mir nei Déngschter op Basis vu konkrete Besoinen, a setzen eis allgemeng fir Mënsche mat Autismus zu Lëtzebuerg an.

Wou befanne sech Är Sitten am Land?

Rammerich (rue du Nord), Mënzen, Capellen, Steesel a Bieles.

Wat befënnt sech um Rammericher Site?

Hei befanne sech 3 Wunn-Foyeren, och mat e puer Noutfallbetter, eis Atelieren (Service d’activités de jour) fir Erwuessener an déi dozou gehéierend administrativ Servicer. Déi 20 Bewunner vun eisen 3 Rammericher Foyere schaffen alleguer an eise Rammericher Atelieren. 

Foto: FAL

AKTIVITÉITEN

Wat fir Aktivitéite ginn an den Atelieren zu Rammerich ugebueden?

Zu Rammerich ginn et dräi Atelieren: 

  • Am Kachatelier hëllefen d’Bewunner beim Virbereede vum Mëttegiessen, dat op der Plaz zerwéiert gëtt a produzéiere verschidde Produkter, déi an eisem Online-Buttik verkaf ginn. 
  • Am Bastelatelier ginn ënner anerem eis Wonschkaarten hiergestallt.
  • Am Wäschatelier gëtt z. B. och d‘Bettwäsch aus eise Foyere gewäsch a gestreckt.

Wat produzéiert Dir fir de Verkaf?    

Eis Ateliere produzéieren Zoossen, selwer gemaachte Ketchup mat Chili oder Curry, e Mojito mix, Gewürzmëschungen, Bakmëschungen, Wonschkaarten, Gebeesser, Peffermënz-Téi, Balsamico-Esseg … 

Dir kënnt dëst alles an eisem Online-Buttek (https://www.fal.lu/boutique) ukucken a bestellen. Fir en Oppräis kritt Dir Är Bestellung heemgeliwwert oder Dir kënnt se an engem vun eise Büroen (Rammerich, Capellen,…) ofhuelen. 

Wéi vill Mataarbechter schaffe fir d’FAL insgesamt? 

Bei der Fondation Autisme Luxembourg schaffe ronn 250 Mataarbechter mat ganz ënnerschiddleche Profiller. Dozou gehéieren ënner anerem Educateuren, Psychologen, Ergothérapeuten, Psychomotoriker, Assistants sociaux, Auxiliaires de vie, Apprentien awer och Botzfraen, Techniker, Sekretären, administrativ Aarbechter ...

Foto: FAL

WUNNSTRUKTUR

Wéi vill Mënsche mat Autismus wunnen an Ärem Foyer zu Rammerich?

Zu Rammerich wunnen 20 Persounen, opgedeelt op dräi Foyeren. Eng Wunneng ass barrièrefräi also fir Persoune mat Mobilitéitsproblemer ugepasst. Aktuell ass de Foyer voll ausgelaascht.

Wéi leeft den Alldag an Ärer Wunnstruktur of? 

Eis Wunnstrukture sinn 365 Deeg am Joer op. Pro Grupp vu sechs bis siwe Bewunner suergen zwee Erzéier fir d’Betreiung; an der Nuecht sinn dräi Erzéier fir déi 20 Bewunner zu Rammerich am Asaz.
No den Dages-Ateliere kommen d’Bewunner am spéiden Nomëtten heem. Owes hëlleft jidderee mat bei den deeglechen Hausaarbechte wéi Iesse virbereeden, ofraumen, botzen … Uschléissend  bidde mir Fräizäit-Aktivitéiten, Kommunikatiounsübungen an och Entspanungsméiglechkeeten un. 
D’Weekender si fir Ausflich a Fräizäitaktivitéite reservéiert. Zousätzlech ginn d’Bewunner dräimol am Joer an d’Vakanz.

Kommt Dir der aktueller Nofro no?

D’Nofro no eise Servicer ass héich. Mir probéieren esou vill Leit a Famillje wéi méiglech ze ënnerstëtzen, stoussen awer un eis Grenzen, souwuel wat Plaze wéi och qualifizéiert Personal ugeet.

Foto: FAL

ZUKUNFT & ENTWÉCKLUNG

Wéi finanzéiert Dir Iech?

Mir finanzéieren eis haaptsächlech iwwer Konventioune mam Familljeministère, der Fleegeversécherung a Spenden. Eis Konte ginn all Joer auditéiert.

Wat sinn déi wichtegst Entwécklungsprojete fir déi nächst Joren, speziell fir de Rammericher Site?

Fir de Site zu Rammerich ginn et aktuell keng konkret Projeten. Allgemeng si mir awer op der Sich no Gebaier oder Terrainen, fir eis weider ze entwéckelen an nei Servicer unzebidden, am Idealfall an der Géigend vu Rammerich.

Wéi kann een Iech ënnerstëtzen?

Dir kënnt d’Fondation Autisme Luxembourg duerch Spenden, fräiwëllegen Asaz, d’Participatioun un Evenementer oder d’Deele vun eise Contenuen op de soziale Medien ënnerstëtzen. Am Kader vum 30-järege Jubiläum ginn et dëst Joer vill Méiglechkeeten, eis ze hëllefen.

KONTAKT

Tel. 26 91 11 -1 
autisme@fal.lu
www.fal.lu

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten