Wako
WAKO weit seng nei Fënsterproduktionshal an der SOLUPLA an
27/03/2026
D’Schunggeschäft Loll’s Shoes, dat sech vun Ufank un op grouss Schunggréisste spezialiséiert huet, ass 2024 vun Hueschtert an d’Réidener Groussgaass geplënnert. Zanterhier bitt d’Loll net nëmme Schung fir Dammen un, mee och eng breet Auswiel fir Hären.
Mäin Numm ass Laurence Kohl-Reding, genannt Loll, 51 Joer jonk, bestuet an houfreg Mamm vu véier Kanner. Gebierteg sinn ech aus dem Réidener Kanton a wunne mat menger Famill zu Hueschtert.
Loll’s Shoes riicht sech un eng ganz breet Clientèle. Vum Teenie bis Senior fënnt jiddereen hei Schung fir all Geleeënheet – vu sportlech bis elegant. Zënter ech zu Réiden sinn, bidden ech Schunggréisste 37 bis 45 fir Dammen an 42 bis 50 fir Hären un.
Ech selwer hu 45 am Fouss. Schonn an der Lycéeszäit hunn ech missen op Häreschung zréckgräifen, well et näischt Aneschtes gouf. Dat huet scho vill um Selbstbewosstsi geknabbert. Iwwer all déi Joer huet sech an de Geschäfter nit vill geännert an aus dëser Nout ass mäin Häerzensprojet entstanen.
No der Schoul sinn ech schaffe gaangen, an d’Liewen huet säi Laf geholl. De Gedanke war ni ganz fort, mee duerch d’Liewensëmstänn war ni de richtege Moment do, fir esou e Projet ëmzesetzen.
Dat huet sech geännert, wéi meng Duechter 2015 u Leukemie erkrankt ass. Dës Erfarung huet meng Siicht op d’Liewe komplett verännert a mir bewosst gemaach, datt et ni dee perfekte Moment gëtt. Zesumme mat mengem Mann hunn ech de Schratt gewot, eis Garage an e Schungbuttik ëmzebauen. 2017 ass Loll’s XXL Shoes entstanen. Aus schwéiere Momenter kënnen och positiv Saachen entstoen.
Aktuell besteet d’Team aus mir eleng. Als Patronne sinn ech gäre selwer am Buttik, well et mir immens vill Spaass mécht, d’Leit ze beroden. Wann awer Nout um Mann ass, kann ech ëmmer op d’Ënnerstëtzung vu menger Famill zréckgräifen.
Aus dem ganze Land an iwwer d’Grenzen ewech! Eng Cliente hëlt zum Beispill zwou Stonne Faart a Kaf, fir bei mir ze shoppen. Ech hat awer och scho Visitten aus Amerika oder Afrika, Leit déi just op der Duerchrees waren. Dat sinn immens schéi Momenter, déi mech frou an houfreg maachen.
Eng lieweg an attraktiv Geschäftsstrooss ass wichteg, fir d’Geschäftsliewen an dat soziaalt Mateneen am Duerf ze erhalen. Genuch Geschäfter, e gudde Clientsservice, eng perséinlech Berodung an eng professionell Kommunikatioun spillen dobäi eng zentral Roll. Besonnesch zënter Corona wësse mir, wéi wichteg de soziale Kontakt an den Zesummenhalt sinn.
Wako
27/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Lokal Ekonomie
18/02/2026
Lokal Ekonomie
29/12/2025
Lokal Ekonomie
08/10/2025
Lokal Ekonomie
02/09/2025
Kultur-Agenda
30/03/2026
Wako
27/03/2026
Gemeng Réiden
27/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
27/03/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
25/03/2026