Kanton Réiden Economie
Erweiterung Industriezone Solupla
27/02/2026
Eis Missioun ass et, Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung Méiglechkeeten ze bidden, fir aktiv um gesellschaftleche Liewen deelzehuelen.
Eisen Haaptsite ass zu Réiden; hei sinn eis Aarbechts- a Formatiounsservicer, sou wéi och d’Administratioun an déi begleedend Servicer. Eise Service d’Activités de Jour (SAJ) an eise Fräizäitservice befanne sech zu Kéiber, eis Wunnstruktur zu Mäerzeg an d’Haus vum autonome Wunnen zu Wal.
Mir bidde Servicer an 3 Haaptberäicher un:
Am Moment betreie mir iwwer 100 Persounen, dovunner 70 Salariés handicapés an den Atelieren a 34 Persounen am Service d’Activités de Jour oder am Service Formation. Vill vun hinnen huelen och am Fräizäitservice a begleedende Servicer deel an/oder wunnen an enger vun eise Strukturen.
Aktuell schaffen 104 Persoune bei eis – a ganz ënnerschiddleche Beräicher: Verwaltung an technesche Service, Encadrement an deene verschiddene Servicer (Heelpädagogen, Sozialpädagogen, Erzéier, Infirmièren, Aide-soignant(e)en…), Kichen, Gäertnerei, Floristik, Botz an aner Servicer.
Eis Beneficiairë kommen aus ganz Lëtzebuerg. Persoune mat enger Beanträchtegung dierfe fräi entscheeden, op wéi enger Aarbechts- oder Betreiungsplaz si eng Demande stelle fir opgeholl ze ginn – de Mobibus-Service erméiglecht hinnen dës Mobilitéit.
Wat fir Ateliers d’Inclusion Professionelle ginn et bei Iech?
Mir hunn insgesamt 9 Atelieren:
D’betreit Mataarbechter vun eisen Atelieren hu souwuel de Statut vum Salarié handicapé wéi och d’Orientatioun an een Atelier protégé.
Den SAJ ass fir Persounen, déi eng ganzheetlech Dagesfërderung brauchen. Hei gëtt eng grouss Villfalt un Aktivitéiten ugebueden: kreativ Aarbecht, Sport, Musik, kachen a baken, Kommunikatiounsfërderung, Wäsch maachen… Esouguer een Assistenzhond hëlleft am Alldag mat. D’Beneficiairë kréien an dësem Service och Prestatiounen am Kader vun der Fleegeversécherung.
De Service Formation ass fir jonk Leit mat enger Beanträchtegung, déi grad vun der Schoul kommen. Iwwer dräi Joer (an der Moyenne) kënne si hir Kompetenzen entdecken an entwéckelen a kréien esou eng ugepasst Beruffsausbildung, déi si op d’Aarbecht virbereet. An dësem Service ginn och Erwuessener opgeholl, déi de Statut an d’Orientatioun schonn hunn, en vue vun der Evaluatioun vun hire Kompetenzen an der berufflecher Orientéierung. Si kréien hei dann och eng ugepasst Formatioun, fir (erëm) an d'Aarbecht ze kommen.
D’Formatioun fënnt an enker Zesummenaarbecht mat den Ateliere statt.
Zu Mäerzeg hu mir 2 Wunngruppen. Hei wunnen 22 Persounen aus eise Servicer, plus ee Vakanzebett. An der grousser Kiche gëtt zesumme gekacht a giess. Jiddereen huet seng Verantwortung am Stot.
All Mount gëtt eng Bewunner-Versammlung organiséiert, an all Bewunner huet ee Bezuchsbetreier, dee si am Alldag ënnerstëtzt (Programm, Akaf, Ziler).
D’Nofro ass grouss – mir hu 26 Persounen op der Waardelëscht – dofir wëlle mir d’Kapazitéit erhéijen an nei Wunnformen entwéckelen, wat awer finanziell Ënnerstëtzung verlaangt.
Mir hunn zwou juristesch Entitéiten: d’asbl, déi d’Wunnstruktur, de Service Formation an de Service d’Activités de Jour, sou wéi och déi begleedend Servicer ofdeckt, an d’Kooperativ, déi fir den Aarbechtsberäich zoustänneg ass. Mir hunn eng Rei Konventioune mat de Ministèren (Aarbecht, Famill, Logement) an der CNS (Assurance dépendance). De Rescht vun eiser Finanzéierung decke mir iwwer Donen an eege Recetten.
Bei Ausbauprojeten a gréisser Investitioune kréie mir zwar eng substantiell Ënnerstëtzung vum Staat, mee dës deckt net all Käschten. Esou hu mir beispillsweis bei der Wunnstruktur zu Mäerzeg, déi 5 Milliounen Euro kascht huet, 1,5 Milliounen Euro aus eegene Mëttele bäidroe missen.
Fir den Opbau vun neie Servicer a gréissere Bauprojeten si mer op Donen ugewisen. Mir spueren zur Zäit fir den Ausbau vu Réiden, souwéi och d’Schafe vu weidere Wunnplazen.
Mir schaffen zënter Joren intensiv un engem groussen Ausbauprojet um Site zu Réiden, well mir aus allen Néit platzen a grouss Waardelëschten hunn.
D’Zil ass, insgesamt 120 Plazen an den Atelieren unzebidden, doduerch datt mer di besteeënd Atelieren ausbauen, eng Restauratioun fir d’Ëffentlechkeet opzemaachen, e vergréisserte Kicheberäich ze bauen, an eng Conserverie. De ganze Site soll och an Zukunft mat enger Holzhackschnëtzel-Heizzentral gehëtzt ginn. Da gi Büroe geschaf fir d’Administratioun an déi begleedend Servicer, déi an de leschte Joren ëmmer méi gewuess sinn.
Jiddereen ass häerzlech wëllkomm an eisem Buttek zu Réiden, deen all Dag vun 8–12 an 13–17 Auer a samschdes vun 8–12 Auer op ass (sonndes zou). Hei fannt Dir Blummen, Planzen, kulinaresch Produiten an originell Kaddosartikelen.
Fir Gemengen ass eis Traiteur-Offer interessant, a mir hunn och mat e puer Gemengen eng flott Collaboratioun mat eise Botz- a Landschaftsgäertnerservicer.
Kommt gären op eis Fester – a mir freeën eis natierlech ëmmer iwwer all Don!
Op der Schock asbl & s.c.
34, rue de Reichlange, L-8501 Redange
Tél. : 26 62 18 81
info@ods.lu
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Lokal Ekonomie
29/12/2025
Lokal Ekonomie
08/10/2025
Lokal Ekonomie
02/09/2025
Lokal Ekonomie
22/08/2025
Kanton Réiden Economie
30/06/2025
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026
Atert Lycée Réiden
27/02/2026
Bicherbox
26/02/2026
Réidener Jugendtreff
23/02/2026