Lokal Ekonomie
Sëller Stuff
29/12/2025
Mir, d’Marianne an de Romain Weis, hunn AgriPièces 2018 gegrënnt, nodeems en änlecht Geschäft zu Kolpech zougemaach huet. Mir hunn de Stock iwwerholl an eis eege Struktur mat Geschäft, Atelier a Reparaturservice fir grouss Maschinnen opgebaut. D’Offer huet sech séier entwéckelt – haut beschäftege mir 8 Mataarbechter a bidden och villes fir privat Clienten un.
Well mir selwer aus der Landwirtschaft kommen, wësse mir wéi wichteg et ass, séier un dat richtegt Ersatzstéck ze kommen. Eist Zil war et, e bewäerte Service an der Regioun ze erhalen an nohalteg weiderzeféieren.
Mir si spezialiséiert op d’Landwirtschaft a verkafe kleng Ersatzdeeler, Material fir Grouss- a Klengdéieren a vill verschidde Motorueleg-Zorten. Dir fannt awer och Gaardemaschinnen (Secateur, Motorsee, Méimaschinn asw) an Aarbechtskleedung bei eis.
Eis Haaptclientèle kënnt aus der Landwirtschaft. Awer d’Offer fir Privatleit a kleng Betriber ass mat der Zäit och gewuess.
Jo, mir hunn e groussen Atelier, wou mir Reparaturen u sämtleche Maschinnen ausféieren – Trakteren, Motorseeën, Gaardemaschinnen an aner landwirtschaftlech Ausrëschtung. Mir bidden och e Pannendéngscht (um Feld an doheem), e Klimaanlagen-Check an e Pneueservice inklusiv Montéiere vun de Pneuen op d’Felgen.
D’Digitaliséierung huet och an eiser Branche vill verännert. Präzisiounslandwirtschaft mat GPS an Dronen ass Standard ginn. Mir profitéieren dovun, andeems mir Ersatzdeeler geziilt online fanne kënnen.
Hydraulikleitungen, Zapwellereparaturen, Schrauwen, Schlësselen, Standarddeeler. D’Clientë wëssen et ze schätzen, dass mir déi meescht Saachen direkt am Stock hunn.
AgriPièces
10, Ellerstrooss
L-8526 Colpach-Bas
Tel. 23 62 08 68
Facebook: AgriPièces

Lokal Ekonomie
29/12/2025
Lokal Ekonomie
02/09/2025
Lokal Ekonomie
22/08/2025
Kanton Réiden Economie
30/06/2025
Lokal Ekonomie
24/06/2025
Lokal Ekonomie
18/04/2025
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
Gemeng Useldeng
02/02/2026
Kultur-Agenda
28/01/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026