Lokal Ekonomie

Anny Wirth by Joy

Veröffentlicht: 02/09/2025 - 12:38
Aktualisiert: 29/09/2025 - 14:46
2 Minuten

Joy, wéi huet et sech ugefillt, als nei Gerante d’Geschäft de 14. Februar offiziell ze iwwerhuelen?

Ech war immens houfreg – an et huet sech richteg ugefillt. Dat ass awer nëmme méiglech mat der richteger Ekipp a gudde Mënschen un der Säit. Merci dem Anny Wirth an dem Simone Schmartz fir hiert Vertraue vun Ufank un.

Wéi koum et dozou, dass Dir d’Geschäft „Anny Wirth“ iwwerholl hutt?  

Virun 9 Joer huet d'Simone eng Verkeeferin gesicht, déi sech och kéint virstellen, de Buttek z’iwwerhuelen. Wärend de leschten 9 Joer, sinn ech vum Simone intensiv ugeléiert ginn an hunn eis trei Clientë kennegeléiert. Wéi d’Simone an d’Pensioun gaangen ass, hunn ech hir Plaz mat grousser Begeeschterung iwwerholl. 

Wat war Är Motivatioun?

Ech hunn eppes fonnt wat meng Passioun ass, wou ech gutt dra sinn a wat ech zu mengem Beruff ka maachen. Wat wëll ee méi?

Gëtt et gewëss Ännerungen, déi Dir an d'Konzept abruecht hutt?

D‘Grondkonzept bleift bestoen – e familiäre Betrib, wou mir eis Iddie fräi deelen an d’Decisioune zesummen ëmsetzen. Ech hunn e puer nei Marken integréiert an an den Accessoiren d‘Offer u Pochen an Ouerréng ausgebaut. Vun Zäit zu Zäit bléist e frësche Wand duerch de Buttik.

U wee riicht sech „Anny Wirth by Joy“?

De Buttik ass een Traditiounshaus (säit 1884) a steet fir moudebewosst Dammen mat der Gréisst 34 - 54. Eng héichwäerteg Qualitéit zu engem faire Präis mat engem kompetente Service – dofir sti mir nach ëmmer.  Et gëtt fir all Geleeënheet eppes, sief et fir d‘Aarbecht, Fräizäit oder Festlechkeeten. D'Haus offréiert eng Retouche pro Kleedungsstéck.

Wat ass Iech am Kontakt mat Äre Clienten am wichtegsten?

Eis ass et wichteg d’Clienten ze kennen, wéi z. B. hier Gréisst, hire Liblingsschnatt an hier Liblingsmarque. Mir wënschen eis och, dass d‘Damme sech bei eis wuel fillen a sech mat Freed vun eiser Berodung verwinne loossen. 

De Buttik gouf rezent renovéiert – wat gouf geännert?

Renovatiouns.lu huet exzellent Aarbecht geleescht: nei Faarf, neien Tapis, neit Elektresch gezunn, opgefrëschten Théik – e klenge modernen Touch ouni, dass den Traditiounsgeescht verluer geet. Déi original Tuten a Referenzen un d’Geschicht vum Haus bleiwe bewosst erhalen.

Wéi ass Är Passioun fir d’Moud entstanen? 

Mir huet et nach ëmmer Freed gemaach mech schéin ze kleeden. Ech fannen d’Moud faszinant, well alles an de Joren erëm kennt, just d’Kombinatiounen änneren. A virun allem d’Kombinéiere mécht eis am Buttek immens Spaass. Och wann e Buttek ni e bewosste Wonsch war, kann ech elo soen, dass ech näischt léiwer haut géing maachen!  

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten