Lokal Ekonomie

SN Wood Design

Veröffentlicht: 24/06/2025 - 11:15
Aktualisiert: 09/07/2025 - 11:34
2 Minuten
Foto: SN Wood Design

Zanter August 2024 sinn d'Sarah an den Nicolas an der Aktivitéitszon Solupla zu Réiden installéiert a féieren zesummen SN Wood Design – eng Schräinerei spezialiséiert op Miwwelen op Mooss, vun der Conceptioun bis zur Produktioun, alles „made in Redange“.  

Wéi ass SN Wood Design entstanen?

2018 hu mir decidéiert, en neit berufflecht Kapitel unzefänken. Mir hu bescheiden an engem klenge Lokal zu Useldeng ugefaangen. Wéinst der wuessender Nofro ass eis Ekipp du séier vu 5 op 12 Leit gewuess. Mir wunnen am Préizerdaul a si ganz dankbar, datt mir am Summer 2024 dës grouss Hal zu Réiden duerfte lounen, déi genuch Plaz bitt fir eis grouss Maschinnen.

Wat genau bitt Är Schräinerei un?

Mir maachen ausschliisslech Miwwelen op Mooss – op de Millimeter genee – mat Maschinne vun der neister Generatioun. Eis Kreatiounen enthalen Dressingen, Kichen, Dëscher aus Massivholz oder Haarz, Buedzëmmermiwwel, Bänken, Canapéë souwéi Ariichtunge fir Restauranten a Büroen.

Foto: SN Wood Design

Wee sinn Är Clienten?

Mir schaffe souwuel fir Privatleit wéi och fir Betriber. Zousätzlech si mir op der Plattform wedo.lu präsent, déi Privatleit mat lokalen Handwierker a Kontakt bréngt.

Wat mécht Är Produkter eenzegaarteg?

Mir leeë grousse Wäert op Qualitéit, regional Materialien a pünktlech Liwwerungsterminer. All Stéck ass eenzegaarteg a gëtt an enkem Austausch mam Client entworf, fir perfekt op seng Besoinen zougeschnidden ze sinn. Eis Clienten dierfe jidderzäit an eisen Atelier komme fir d‘Entstoe vun hirem Miwwelstéck mat ze erliewen. 

Foto: SN Wood Design

Mat wat fir Holz-Zorte schafft Dir?

Mir benotze regional Holz-Zorten - Eech, Noss oder Pëppel - alles aus engem Rayon vun héchstens 300 km. Fir all Massivholzmiwwel gëtt e Zertifikat mat der Hierkonft vum Holz ausgestallt. Den Nicolas sicht d‘Holz perséinlech an de Seeëreien aus, fir eng héich Qualitéit ze garantéieren.

Setzt Dir och an anere Beräicher op kuerz Weeër?

Jo, mir schaffe mat lokale Partner, z. B. mat eisem Noper SETHIAL fir Metallelementer. Aktuell si mir dobäi, eng Pellet-Heizung ze installéieren, déi mat de Spéin aus eiser eegener Produktioun gefiddert gëtt.
Kommt eis Realisatioune kucken oder schwätzt mat eis iwwer Äre Projet – mir freeën eis op Iech!
 

Kontakt: 

SN WOOD DESIGN
32 E rue de Niederpallen
L 8506 Redange
Tel. (+352) 691 944 848
Mail: info@wooddesign.lu
Facebook: SN WoodDesign
Insta: sn_wood_design
LinkedIn: SN WOODDESIGN

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten