Musée de l'Ardoise
D'Villa Rother am Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Samschdes, den 21. Dezember 2024 hunn d'Gemenge Groussbus-Wal a Préizerdaul beim Monument an der Schankegriecht un d'Schluecht op dëser Plaz virun 80 Joer erënnert. A Präsenz vu Vertrieder vun der Air Base Spangdahlem an der amerikanescher Botschaft, huet de Präsident vum Cercle d'Etudes sur la Bataille des Adrennes (CEBA), den Här Erny Kohn, d'Geschehnissen, déi wärend der Ardennenoffensiv an der Schankegriecht stattfonnt hunn, erkläert.
Zwee nei Info-Pannoe mat Fotoen an Erklärungen zu dëser entscheedender Schluecht si bei dëser Occasioun devoiléiert ginn.
Nom iwwerraschenden Ugrëff vun der Wehrmacht de 16. Dezember 1944 op d’Ardennen, huet an der „Schankegriecht“ den 22. Dezember eng entscheedend Schluecht tëscht den däitschen an den amerikaneschen Truppe stattfonnt.
Fréi moies sinn dem Generol George S. Patton seng Truppen op däitsch Zaldote getraff, déi sech a Schützegriew an de Bëscher laanscht der N12 tëscht Proz a Groussbus verschanzt haten.
Nodeem däitsch Kugelen déi éischt Haiser vu Proz getraff hunn, koum et zu intensive Gefechter, bis déi däitsch Ugräifer sech no grousse Verloschter zréckgezunn hunn. Elo war de südlechen Zougang fir an de Waarkdall fräi fir dem Patton seng Truppen, déi doropshin direkt hiren Ugrëff a Richtung Norden (Eschduerf) fortgesat hunn.
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026
Gemeng Préizerdaul
17/04/2026
Lokal Geschicht
26/01/2026
Geschicht a Patrimoine
24/11/2025
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026