
Projet Zäitrees
Op Zäitrees duerch de Wëlle Westen – Nei Trëppeltier mat Panneauen
21/04/2025
Virun 80 Joer, genau op helleg Owend, hunn amerikanesch Zaldote Rammerich befreit. Ënnert hinne wär ee jonke Mann vu Brooklyn, de William F. King, deen sech fräiwëlleg an d’amerikanesch Arméi gemellt huet, fir Europa vum Faschismus ze befreien.
80 Joer mi spéit – an engem fräie Lëtzebuerg – kritt Rammerich Besuch vum Andrew King, dem Jong vum William an dem Margaret King. Wéi sou vill Veterane vun deem grujelege Krich, huet och de William seng schrecklech Erfarungen déif an sech begruewen a säi Jong an deem seng 4 Geschwëster mat ville Froen zréckgelooss.
Zesumme mam Andrew King hu sech d’Kanner aus dem Cycle 4 vu Kietscht mat hiren Enseignanten den 20. Dezember 2024 op de Wee gemaach, sech ee Bild ze maachen, wéi dee Krich eis Gemeng getraff huet.
An engem Convoi vun original Gefierer aus dem 2. Weltkrich ginn d’Kanner an den Här King vu Kietscht op Rammerich geféiert wou si a verschidden Ateliere vu Lokalhistoriker dës Episode vun der lëtzebuergescher Geschicht op eng konkret Aart a Weis méi no bruecht kréien.
Zesumme mat de Kanner besicht den Andrew King d’Monument vun den amerikaneschen Zaldote wou heen ee Bouquet Rosen nidderleet an den Ur-Enkel vum Här Strotz vu Bungeref, ee vun de Personnagen aus der Ausstellung, d’Sonnerie aux Morts spillt. Den Andrew King gëtt vun de Kanner an d’Gemeng begleet, wou heen d’Buch vun der Rammericher Gemeng als Souvenir vum Schäfferot iwwerreecht kritt.
D'Kanner, déi eigentlech scho misste rëm zréck an d’Schoul, stellen him ganz vill Froen an et mierkt een dem Här King un, dat dës Begéinung bei him ee ganz déiwen Androck hannerléisst.
Anschliessend gëtt den Andy King op Maartel an de Restaurant invitéiert, wou hee mat engem Grupp vun de Frënn vun der 26th Infantry Division a vun de “Bouncing Betty” ee flotten Echange huet. Als Ofschloss kritt heen eng privat Féierung vum 385th Bomb Group Museum vu Pärel.
An eiser Editioun vum Regionalmagazin De Kanton Réiden wäert Dir een Interview mam Här Andy King kënne liesen.
Projet Zäitrees
21/04/2025
World War II
25/02/2025
Ardennenoffensiv
28/12/2024
Ardennenoffensiv
23/12/2024
Geschichtsveräiner
17/12/2024
Musée Michel Lucius
05/12/2024
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Réidener Schwämm
25/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Projet Zäitrees
21/04/2025
Balade transfrontalière
17/04/2025