
Projet Zäitrees
Op Zäitrees duerch de Wëlle Westen – Nei Trëppeltier mat Panneauen
21/04/2025
Den 19.Oktober gouf den Energiemusée an der Biekerecher Millen féierlech a Präsenz vum Minister fir Kultur, Gemengevertrieder a ville Bierger ageweit.
D’Sarita Neu vun der Kulturmillen asbl huet de Projet vum Energiemusée begleet. Mir hunn eis mat hir driwwer ënnerhalen.
Den deemolege Staatssekretär Guy Arendt ass mat der Iddi komm, fir eise Musée vum fréieren Handwierk, deen an d’Jore komm war, an een Energiemusée ëmzefunktionéieren. Doropshi gouf den „Atelier für Gestaltung“ vu Berlin engagéiert, fir e Konzept zesumme mat der Kulturmillen auszeschaffen.
E puer vun den Ausstellungsstécker sinn nach ëmmer am neie Musée ze gesinn. Fir déi aner Ausstellungsstécker gëtt aktuell en neie Projet virbereet, an deem geplangt ass, se am ale Schapp um Site vun der Biekerecher Millen auszestellen.
De Musée ass relativ kleng mat 5 verschiddene Raim, an et war eng Erausfuerderung, eng kohärent Geschicht tëscht de verschiddene Kapitelen ze schafen. Bei der Ëmsetzung hu mir mat ville Firmen zesummegeschafft, wat eng gutt Organisatioun erfuerdert huet.
D’Gemeng Biekerech an de Kulturministère hunn deProjet finanzéiert.
D’Visiteuren entdecken d’Geschicht vun de Proprietäre vun der Millen, déi als Éischt hei zu Lëtzebuerg Stroum produzéiert hunn. De Musée féiert duerch d’Zäitgeschicht vun de verschiddenen Energiequellen, ugefaang bei der Muskelkraaft, dann der Waasserkraaft, bis bei d’Biogasanlag, d’Wärmenetz vun der Gemeng Biekerech an d‘Wandkraaft. Dës Rees gëtt uechter Biller, Fotoen an interaktive Statiounen erlieft, déi d‘Entwécklung vun der Energie op eng dynamesch a spannend Aart a Weis erzielen.
D’Ausstellungsstécker stamen zum groussen Deel aus dem ale Musée. Eis interaktiv Statioune goufen deels vun eise Millepätteren an hirer Seeërei fabrizéiert. Fir déi aner Statiounen hu mir mam Science Center zesummegeschafft.
Jo, mir bidde Féierunge fir Gruppen un. Mir schaffen aktuell drun, spezifesch Féierunge fir Schoulklassen unzebidden, zesumme mat Atelieren, déi d’Kanner wärend der Visite kënne maachen. Mir hoffen, datt dëst Konzept geschwë prett ass.
D’Texter sinn all op Franséisch, awer et besteet d‘Méiglechkeet, duerch d’Scanne vun engem QR-Code, d’Erklärungen och op Däitsch an Englesch ze liesen.
De Musée ass säit dem 1. September 2024 permanent fir de Public zougänglech. Fir eranzekommen, muss een op der Plaz de QR-Code scannen, deen op der Dier ass, an da kritt een den Accès. De Musée ass net mat Personal besat.
Mir gefale besonnesch déi Deeler mat den alen Ausstellungsstécker an de Schaf wou d’Geschicht vun der Waxweiler Famill, de Besëtzer, duergestallt ass.
Merci villmools Sarita fir all dës Informatiounen. Mir wënschen Dir an der Kulturmille vill Erfolleg mam neie Musée.
Projet Zäitrees
21/04/2025
World War II
25/02/2025
Ardennenoffensiv
28/12/2024
Ardennenoffensiv
23/12/2024
Ardennenoffensiv
20/12/2024
Geschichtsveräiner
17/12/2024
Gemeng Biekerech
29/04/2025
Réidener Schwämm
25/04/2025
Gemeng Useldeng
23/04/2025
Gemeng Biekerech
21/04/2025
Projet Zäitrees
21/04/2025
Balade transfrontalière
17/04/2025