DigitalArchiv Préizerdaul

Den DigitalArchiv Préizerdaul stellt sech vir

Veröffentlicht: 22/11/2024 - 11:09
Aktualisiert: 29/11/2024 - 17:45
2 Minuten

2019 hunn den Arthur Bour an de Claude Steichen, mat Ënnerstëtzung vun der Gemeng Préizerdaul a weidere Benevollen a Partner, ugefaang di vill Biller an Dokumenter iwwer d’Vergaangenheet vum Daul ze digitaliséieren.

Virgeschicht

Am Préizerdaul huet d’Leidenschaft fir di lokal Geschicht eng laang Traditioun. Schonn an der 2. Hallschent vum leschte Joerhonnert hunn déi deemoleg „Amis de l’Histoire Préizerdaul“ eng aussergewéinlech Aarbecht geleescht. Si hunn onzieleg Fotoen an Dokumenter zesummegedro an zum Deel a verschiddene Publikatioune festgehal. 

dap-preizerdaul.lu

Op dës Viraarbecht konnten den Arthur an de Claude opbauen, wéi si eng Internetplattform geschaf hunn. Si treffen sech all Moien an der Woch am Centre Culturel Op der Fabrik, wou si an hirem Büro, dee vun der Gemeng zur Verfügung gestallt an equipéiert gouf, historesch Fotoen an Dokumenter digitaliséieren, traitéieren, deels restauréieren an dann op d’Plattform erop lueden. Duerno ginn d’Fotoen indexéiert, dat bedeit, dass versicht gëtt erauszefannen, wou, wéini a bei wellecher Geleeënheet d’Foto geholl gouf a ween drop ze gesinn ass.
 

Schwarz-Weiß-Bild mit 2 Kühen, die mit anderen Bauern einen Mäher schleppen
Test DE
Foto: DAP Preizerdaul

Fotoen an Dokumenter

Op der Websäit dap-preizerdaul.lu fannt Dir bis elo iwwer 4.000 Fotoen a 14 gescannte Publikatiounen. Zu all Foto gehéiert eng Fiche, op där bis dato all bekannten Informatioune vermierkt sinn.  De Moment ass d’Indexéierung nach nit ganz ofgeschloss, et gëtt all Dag dru geschafft.

Och d’online Visiteuren hunn d’Méiglechkeet fir op all Foto ze reagéiere mat engem Clic op e Formulaire, deen et erlaabt, zousätzlech Informatiounen oder Korrekture matzedeelen. Den Arthur an de Claude hoffen op dësem Wee en dynameschen Austausch mat de Leit dobaussen ze schafen.
Ënnert den Dokumenter fënnt een de Moment haaptsächlech Bicher, Veräinsbroschüren a Genealogien. 

Filmer

Di 120 Filmer, déi bis elo archivéiert sinn, sinn nit direkt online zougänglech. Iwwer e Katalog, deen Dir online ukucke kënnt, kann di gewënschte Sequenz beim DAP ugefrot ginn. 

No a no setzen déi zwéin Hobby-Historiker weider Fotoen, Bicher, Broschüren an aner Dokumenter iwwer d’Lokalgeschicht online, natierlech am Respekt vun den Droits d’Auteurs an dem Dateschutz.

Mir wënschen Iech vill Freed beim Entdecke vun dësem risege Schatz a soen dem Arthur an dem Claude e risegrousse Merci fir hir enorm wäertvoll Aarbecht. 
 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kulturerbe und Geschichte

Aktuelle Nachrichten