Lokal Ekonomie

De Bastelgeck huet seng Dieren zu Réiden opgemach

Veröffentlicht: 13/11/2024 - 11:28
Aktualisiert: 29/11/2024 - 17:14
2 Minuten
Eigentümer des Geschäfts Bastelgeck
Foto: Kanton Réiden

Kéint Dir Iech kuerz virstellen?

Mir sinn d’Kimberley Thill an den David Genot, Eltere vun 3 Kanner, 2 Hënn an 3 Kazen. Mir si gebierteg aus dem Minett, wunnen awer elo hei vir an der Belsch.

Firwat e Bastelbuttek?

Bastelen ass schonn ëmmer Deel vun eisem Liewe gewiescht. Ier mir de BastelGeck ugefaang hunn, hat ech (David) berufflech schonn Erfarung mat Bastelmaterial am Cactus Hobby gesammelt. Eis ursprënglech Iddi war et, e Bastel-Online-Shop unzebidden, well déi Offer zu Lëtzebuerg nach net ofgedeckt war. Dofir hate mir eng Hal zu Bungeref gelount. Wéi d’Nofro fir e richtege Buttek vun eise Clienten ëmmer méi opkomm ass, hu mir d’Hal no zwee Joren ëmgebaut, fir eng Verkafsfläch mat ze integréieren. Elo hu mir endlech hei zu Réiden e flotte Standuert fir e richtege Buttek fonnt.

Wat kritt een am Bastelbuttek ze kafen?

Mir hunn eng grouss Auswiel u Bastelmaterial, wéi z. B.:

  • Pabeier a Pappmaché
  • Filz a Moosgummi
  • Holz an Holzformen
  • Acryl
  • Pinselen a Molfaarwen
  • Schéieren a Cutteren
  • Pompons
  • Beton, Gips a villes méi.

Mir hunn ongeféier 2.000 verschidden Artikelen am Buttek. Dir kënnt och alles ënner eisen Online-Shop bestellen an heemgeschéckt kréien. Bei eis kritt Dir eng fachmännesch Berodung a mir deele gären eis Bastel-Iddien mat Iech.

Innenansicht eines Geschäfts, das Malartikel verkauft
Foto: Kanton Réiden

U wie riicht sech Äre Buttek?

Mir si fir all Bastelfrënn do: Privatleit, Schoulen, Maison relaisen, Crèchen, Veräiner, Associatiounen, … Mir hu Clienten am ganze Land a mir liwweren och landeswäit. Clienten aus dem professionelle Secteur kréien 10% Remise.

Wou genau ass Äre Buttek?

Eise Buttek ass zu Réiden an der Haaptstrooss Richtung Ell, géigeniwwer vum Citroënsgarage an der Aral-Tankstell. Mir hu 4 Parkplazen direkt virun der Dier.

Bitt Dir och Workshops un?

Jo, Dënschdes an Donneschdes vun 14h00 bis 18h00 organiséiere mir oppe Bastelnomëtteger fir Kanner vu 4-15 Joer (Kanner vu 4-7 Joer am beschten a Begleedung vun den Elteren). Et ass am beschten, 1-2 Deeg virdrun unzeruffen, fir sécherzestellen, datt nach Plaz ass. Méi Informatioune ginn et geschwënn och op eiser Websäit. Veräiner oder Gemenge kënne gären och e Workshop bei eis buchen. Mir bréngen d’Material mat an encadréieren d’Atelieren, wéi z. B. am Mosaik, Puzzle, Patchwork, Holz oder Molen.

Gëtt et soss nach eppes, dat Dir eis wéilt matdeelen?

Mir freeën eis op Äre Besuch! Bei eis kritt Dir eng professionell Berodung ënner all eis Artikelen. Kommt mat Äre Projeten oder Iddien bei eis, a mir héllefen Iech gär weider mat eisem Fachwëssen.

Kontakt

Den Bastelgeck
7, rue d’Ell
L-8509 Redange/Attert
+352 28 80 86 87
bastelgeck@gmail.com
bastelgeck.lu
Horaires d’ouvertures :
Lundi et samedi : 13h00-18h00
Mardi au vendredi : 9h00-18h00

Fassade des Geschäfts De Bastelgeck
Foto: Kanton Réiden
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Wirtschaft

Aktuelle Nachrichten