Lokal Ekonomie
Nei Apdikt zu Réiden
18/08/2026
Am Joer 2016 huet de Syndikat eng Partie Terraine kaaft, fir, wéi am Plan Sectoriel «Zones d’Activités Économiques Régionales» virgesinn, eng Ausweidung vun der Regionaler Industriezon Solupla zu Réiden ze realiséieren. No etleche Jore Planungsphas konnt dëst Joer den entspriechende Plan d’aménagement particulier a Kraaft trieden an och déi naturschutzrechtlech Geneemegung gouf erstallt, soudatt de Projet kann an d’Ëmsetzung kommen.
Vu datt sech d’Baufeld vun der topographescher Lag hier an enger Senk befënnt, gëtt dës zurzäit opgefëllt, fir datt duerno méiglechst flaach Bauplazen entstoe kënnen.
Déi eigentlech Erschléissung, also de Bau vun allen Infrastrukture wéi d'Stroossen, déi divers Kanalisatiounsanlagen an Drénkwaasserreseauen, fannen an de kommende Joren 2025 a 2026 statt, esou datt déi éischt Betriber sech duerno an dëser neier Industriezon néierloosse kënnen.
Wann Dir Interessi un engem Bauterrain hutt, da kontaktéiert den Här Nico Kraus.
Kanton Réiden Service Economie
11, Grand-Rue
L-8510 Redange
+352 28330-010
nico.kraus@kanton-reiden.lu
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Lokal Ekonomie
04/08/2026
Lokal Ekonomie
18/06/2026
Lokal Ekonomie
18/06/2026
Lokal Ekonomie
13/05/2026
Lokal Ekonomie
08/04/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026