Club Soroptimist Mosaik

Kannerwonschbam 2026 – Arbre de vœux pour enfants

Veröffentlicht: 26/11/2026 - 14:27
Aktualisiert: 26/11/2026 - 14:49
1 Minute
Foto: ChatGPT

Kannerwonschbam 2026 – Zesumme Kannerwënsch erfëllen!

Och dëst Joer fënnt d'Solidaritéitsaktioun „Kannerwonschbam“ am Réidener Kanton statt, an dat schonn fir déi 11. Kéier. D'Zil vun dëser Aktioun ass et, all Kand tëschent 0 an 12 Joer am Réidener Kanton d'Méiglechkeet ze ginn, e Kaddo fir Chrëschtdag ze kréien.

Wéi kënnt Dir dës Aktioun ënnerstëtzen?

  • Wielt tëschent dem 30. November an dem 12. Dezember e Stär vum Kannerwonschbam an Ärer Gemeng
  • Kaaft dee Kaddo, deen d'Kand sech wënscht (Wäert vu maximal 60 €)
  • Gitt de Kaddo virum 15. Dezember op Ärer Gemeng of

Dir kënnt d'Aktioun och mat engem Don ënnerstëtzen. D'Membere vum Soroptimist International Club Mosaik kafen da mat Ärem Don déi gewënschte Kaddoen.

Kontosnummer: LU08 1111 1575 6133 0000
Beneficiaire: Soroptimist International Club Mosaik
Vermierk: Kannerwonschbam
WERO: 621 252 657 (Schockmel Halsdorf Anny)

Maacht mat an hëlleft eis, Kannerwënsch ze erfëllen a Kanneran zum Stralen ze bréngen!

E grousse Merci fir Är Generositéit an Är Solidaritéit!

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kinder und Jugend

Aktuelle Nachrichten