Dëschtennis

Dëschtennis Hueschtert-Folscht

Veröffentlicht: 26/11/2026 - 09:30
Aktualisiert: 26/11/2026 - 15:54
3 Minuten
Foto: DT Hueschtert-Folscht

Den DT Hueschtert-Folscht gehéiert zu den erfollegräichsten Dëschtennisveräiner am Land. Mee och d'Veräinsliewen an d'Gemeinschaft ginn hei groussgeschriwwen. Mir hu mam neie President Joël Decker iwwer d'Geschicht, d'Erfolleger an d'Zukunft vum Veräi geschwat. 

Foto: DT Hueschtert-Folscht

Här Decker, kënnt Dir Iech kuerz virstellen? 

Mäin Numm ass Joël Decker. Ech hunn 1997 meng éischt Dëschtennislizenz beim DT Hueschtert-Folscht kritt a wor iwwer 25 Joer als Spiller am Veräin aktiv. 2013 sinn ech mat der éischter Ekipp an d’Nationaldivisioun opgestigen. Säit dësem Summer sinn ech neie President vum Veräin. 

Kënnt Dir eis e kuerzen Abléck an d’Geschicht vum Veräi ginn? 

De Veräi gouf 1972 an engem Café zu Hueschtert gegrënnt. An den éischte Joren ass et sportlech séier biergop gaangen. An den 1990er Joren huet déi éischt Ekipp den Opstig an d'Nationaldivisioun gepackt a souguer e puer Mol an der Coupe d'Europe gespillt. No enger méi schwiereger Phas ass eis 2013, dank enger gudder Jugendaarbecht, de Retour an d'Nationaldivisioun gelongen. Vun 2022 bis 2026 si mir fënnef Mol hannertenee Lëtzebuerger Champion ginn an hunn dräimol d'Coupe de Luxembourg gewonnen.

Foto: DT Hueschtert-Folscht

Wéi ass de Veräin haut opgestallt? 

Mir hunn aktuell ronn 60 aktiv Spillerinnen a Spiller a si mat 11 Ekippen am Senioren- a 5 Ekippen am Jugendchampionnat vertrueden. Bei eis ass jidderee wëllkomm, egal wéi al oder erfueren een ass. Eise jéngste Spiller huet 7 Joer, eisen eelste 85!

Foto: DT Hueschtert-Folscht

Wou gëtt trainéiert a wéi wichteg ass d'Jugendaarbecht?

Mir trainéieren dräimol d'Woch. D'Kanner trainéiere vun 18 bis 20 Auer, déi Erwuesse vun 19.45 bis 21.30 Auer. Um Programm stinn Technik, Beweeglechkeet an natierlech Matcher.

D'Nowuessaarbecht ass eng vun eise Prioritéiten. Siwen Traineren, dovunner e groussen Deel mat engem Trainerschäin, këmmere sech ëm ronn 25 Jugendspiller. An de leschte Joren hu mir reegelméisseg Titele bei de Jugendlandesmeeschterschafte gewonnen. Verschidde vun eise jonke Spiller hunn et och an den Nowuesskader vun der Dëschtennisfederatioun gepackt.

Op wéi eng sportlech Erfolleger sidd Dir besonnesch houfreg?

Natierlech op eis fënnef Championstitelen an déi dräi Victoiren an der Coupe de Luxembourg. Besonnesch den éischte Championstitel 2022, grad am Joer vun eisem 50. Anniversaire, war en onvergiessleche Moment.

Houfreg si mir och op de Maël Van Dessel. Hien huet mat aacht Joer bei eis ugefaangen, ass haut Nationalspiller a spillt als Profi an der 2. Bundesliga an Däitschland. Hien huet och schonn de Lëtzebuerger Landesmeeschtertitel am Eenzel gewonnen.

Foto: DT Hueschtert-Folscht

Wéi géift Dir d'Veräinsliewen an d'Stëmmung beschreiwen?

All Samschdegowend treffe mir eis no de Matcher an eisem Veräinssall zu Folscht. Do gëtt zesumme giess an e Patt gedronk. Dat stäerkt den Zesummenhalt. Mir organiséieren och reegelméisseg Ausflich an Aktivitéiten. Am Summer ware mir zum Beispill zesummen zu Gent. Duerch de Veräi si vill Frëndschaften entstanen, an och vill nei Leit hunn esou Uschloss un d'Duerfliewe fonnt.

Wéi kann ee bei Iech schnuppere kommen?

Jiddereen ass bei eis wëllkomm, egal wéi al! Kanner kënnen dënschdes oder donneschdes um 18 Auer an d'Sportshal op Kietscht fir e Prouftraining kommen. Och Erwuessener kënnen zu all Moment ufänken!

Contact:

Dëschtennis Hueschtert-Folscht
(+352) 621 241 221
mail@dthostertfolschette.net
www.dthostertfolschette.net

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Sport

Aktuelle Nachrichten