Gemeng Préizerdaul

Wat leeft an eise Gemengen?

Veröffentlicht: 26/11/2026 - 09:00
Aktualisiert: 26/11/2026 - 11:45
7 Minuten
Foto: Charles Reiser

Eng nei Schoul am Häerz vum Duerf, Pläng fir en autofräien Duerfkär, betreit Wunnenge fir Jugendlecher an erneierbar Energien: Am Préizerdaul ass villes a Beweegung. Mir hu mam Buergermeeschter Marc Gergen iwwer déi aktuell Projeten an d'Zukunft vu senger Gemeng geschwat.

Mat der neier Schoul huet de Préizerdaul ee vu senge gréisste Projeten zanter Joren ëmgesat. Wat mécht déi nei Schoul besonnesch?

Eis Kanner sinn eis Zukunft. Mir wollten hinnen eng modern, hell a grouss Schoul bidden, an där si sech wuel fillen. Déi al Schoul war ze kleng an net méi zäitgeméiss. Nieft moderne Klassesäll hu mir elo eng Bibliothéik, e Multimedia- a Kreativraum an e Multifunktiounsraum, den vun der Schoul ënner anerem fir Theater an Airtramp genotzt ka ginn. Och d'Préizerdauler Philharmonie huet hei en neit Doheem fonnt. En neie Schoulhaff mat enger flotter Spillplaz an engem Multisport ronnen de ganze Projet of. D‘nächst Joer kënnt nach ee Schoulgaart derbäi.

Foto: Charles Reiser

Firwat hutt Dir Iech bewosst dofir entscheet, d'Schoul am Duerfkär ze behalen?

Mir wollten net op der grénger Wiss bauen, mee eisen Duerfkär beliewen. Duerch de Kaf vun Terrainen nieft der aler Schoul konnte mir de Schoul-Campus am Duerf behalen. Esou kënnen d'Kanner weiderhin zu Fouss oder mam Vëlo an d'Schoul kommen. Mir hunn och en ale Bauerenhaff an de Projet integréiert a bewosst op en Zonk ëm de ganze Schoulcampus verzicht. D‘Schoul soll nämlech och ausserhalb vun de Schoulzäiten eng Plaz fir d'Kanner sinn.

Ass de Schoulprojet domat ofgeschloss?

Nach net! An enger zweeter Phas wëlle mir déi al Schoul ëmgestalten, fir de Précoce, d'Spillschoul an eng Annexe vun der Maison Relais do ënnerzebréngen. Da wieren all Cyclen op engem Site vereent. Dat schaaft Synergien a spuert Transportkäschten. Mir wëllen 2029 domat ufänken. Natierlech musse mir eis Verscholdungsgrenz am A behalen. Mee wa mir eise Bierger gutt Servicer ubidde wëllen, komme mir net laanscht eng gewësse Verscholdung.

Foto: Charles Reiser

Net nëmmen d'Schoul, mee de ganzen Duerfkär soll sech veränneren. Wat hutt Dir vir?

Mir wëllen den Duerfkär méi attraktiv, méi gréng a laangfristeg méiglechst autofräi gestalten. Am November organiséiere mir eng Biergerversammlung, fir zesumme mat den Awunner Iddien auszeschaffen. Mir wëllen ënner anerem méi Beem planzen an d'Openthaltsqualitéit verbesseren.

Och zwee al Haiser am Duerfkär sollen en neit Liewe kréien.

Genee. D'Kiefer-Haus, dat ënnert kommunalem Schutz steet, soll sanéiert ginn. Do wëlle mir eisen technesche Service ënnerbréngen. Mir hu bei dësem Projet gemierkt, wéi deier et ass, al Bausubstanz ze erhalen an un déi haiteg Ufuerderungen unzepassen.

E besonnesche Projet hu mir mam Schlesser-Haus vir. Hei géife mir gär zwielef betreit Wunnenge fir Jugendlecher ariichten, déi aus verschiddene Grënn net méi doheem kënne wunnen. Et geet ëm Jonker, déi an d'Schoul oder schaffe ginn an Ënnerstëtzung brauchen, fir selbstänneg ze ginn. Prioritär wëlle mir Jugendlecher aus eisem Kanton ophuelen. Och bei eis ginn et Jonker, déi eng schwiereg Zäit duerchliewen. 

Foto: Gemeng Préizerdaul

Wéi soll dëse soziale Projet finanzéiert ginn?

De Staat géif 75 Prozent vun de Käschten iwwerhuelen, de Rescht misst eis Gemeng droen. Mir géifen eis freeën, wann de Syndikat Kanton Réiden oder aner Gemengen aus dem Kanton sech solidaresch géife weisen an dëse Projet mat ënnerstëtzen.

Aus dem ale Proufsall op der Fabrik soll och eppes Neies entstoen. Wat genee?

Mir wëllen 2027 am Centre culturel „Op der Fabrik“ en Tiers-lieu ariichten, also eng oppe Plaz fir Begéinungen an Aktivitéiten. Hei kéinte sech Veräiner treffen, Themenowenter stattfannen oder d'Amicale vum 3. Alter hir Porte-Ouverte ofhalen. Mir wëllen de Raum net aleng mat engem Architekt plangen, mee d'Bierger an d'Veräiner matentscheede loossen. Dofir wor well eng Biergerversammlung zesumme mat de Kommissiounen fir d'interkulturellt Zesummeliewen an Integratioun. Vill flott Iddie sinn deen Owend gesammelt ginn. Elo gëlt et déi a Musik ëmzesetzen.

Eng laang Strooss, déi sech duerch de Préizerdaul schlängelt – dat ass dat Bild, dat vill Leit vun Ärer Gemeng hunn. Wat soll sech punkto Mobilitéit änneren?
Mir hunn an eise Säitestroosse scho viru Joren 20- an 30-Zonen agefouert a bei der Schoul e Shared Space amenagéiert. E wichtege Projet ass elo d'Erneierung vun der N12 duerch Ponts et Chaussées. Dobäi sollen d'Foussgängeriwwergäng an d'Bushaltestelle fir Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech gemaach ginn. Op verschiddene Plaze sinn och Verkéiersluuchte virgesi fir de Schoulwee nach méi sécher ze maachen. Laangfristeg wëlle mir den Duerfkär ëm d’Schoul an d‘Gemeng vum Autosverkéier entlaaschten.

Foto: Beng Associés

Eng laang Strooss, déi sech duerch de Préizerdaul schlängelt – dat ass dat Bild, dat vill Leit vun Ärer Gemeng hunn. Wat soll sech punkto Mobilitéit änneren?

Mir hunn an eise Säitestroosse scho viru Joren 20- an 30-Zonen agefouert a bei der Schoul e Shared Space amenagéiert. E wichtege Projet ass elo d'Erneierung vun der N12 duerch Ponts et Chaussées. Dobäi sollen d'Foussgängeriwwergäng an d'Bushaltestelle fir Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit zougänglech gemaach ginn. Op verschiddene Plaze sinn och Verkéiersluuchte virgesi fir de Schoulwee nach méi sécher ze maachen. Laangfristeg wëlle mir den Duerfkär ëm d’Schoul an d‘Gemeng vum Autosverkéier entlaaschten.

De Préizerdaul gouf fir d'drëtte Kéier mat Gold am Klimapakt zertifizéiert. Wou leien Är Prioritéiten?

Eist Zil ass et, als Gemeng energieautark ze ginn. Mir hunn an de leschte Jore vill an d'Photovoltaik investéiert, ënner anerem op der neier Schoul an dem Pompjeesbau. D'Maison Relais soll nokommen. Mir reservéieren all Joer e feste Budget fir Klimaschutzmoossnamen.
Ausserdeem si säit Joerzéngten all eis Gemengegebaier am Duerfkär un e Wärmenetz ugeschloss, dat mat Holzhackschnëtzel aus eisen eegene Bëscher bedriwwe gëtt.

Foto: Charles Reiser

An och bei der Wandenergie ass eppes geplangt?

Jo. D‘Soler schafft un engem Repowering-Projet zu Rëmmereg. Déi zwee al Wandrieder vum Réidener Energiepark sollen duerch eng eenzeg, modern a grouss Wandmillen ersat ginn. Eis Gemeng wëll sech och finanziell bedeelegen. Am Oktober war eng Biergerversammlung wou méi wéi 60 intresséiert Awunner deelgehol hun. Eng weider Versammlung fir all Bierger, déi sich um Projet bedeelige wëllen, ass am Laf vum nächste Joer virgesinn.

Wéi steet et ëm d'Veräinsliewen am Préizerdaul?

Mat 21 Veräiner hu mir nach ëmmer e liewegt Veräinsliewen. Allerdéngs hu véier Veräiner rezent wéinst feelendem Nowues missen ophalen. Mir ënnerstëtzen eis Veräiner esou gutt et geet, finanziell, materiell a logistesch.

All zwee Joer organiséiere mir eng Nuit des Sports, déi ëmmer gutt besicht ass. Esou eng Aktioun kéint een och um kantonalen Niveau organiséieren. Fir 2027 plangen d’Gemenge Bieckerich, Ell, Réiden, Rammenrich an de Préizerdaul zesummen e Sportskoordinator anzestellen.

De Préizerdaul ass och eng „Commune sans Tabac“. Wat bedeit dat konkret?

D'Initiativ koum vu mengem Schäffekolleeg Marc Rehlinger. Bei eise Gemengegebaier däerf just nach op speziell dofir virgesinne Plaze gefëmmt ginn. Elo wëlle mir och eis Veräiner mat an d'Boot kréien.

Dir schwätzt dacks dovun, d'Bierger matanzebannen. Wéi funktionéiert dat an der Praxis?

Et ass eis wichteg, net nëmmen iwwer d'Bierger ze entscheeden, mee mat hinnen. Schonn 2025 ass eng Biergerversammlung organiséiert gi fir mat eisen Awunner iwwert de Reamenagement vun der rue St.Roch zu Rëmmerig ze schwätzen. De Wonsch vun den Awunner no engem Sens unique an der Rue St-Roch ass deemools festgehale ginn. Och beim Duerfkär wëlle mir hir Iddien ophuelen. An natierlech ass et wichteg, als Politiker op de Fester an den Aktivitéite vun de Veräiner present ze sinn. Do héiert een, wat d'Leit wierklech beschäftegt.

Zum Schluss: Wat mécht de Préizerdaul fir Dech besonnesch?

Vill Leit kennen eis Gemeng just vun der laanger Strooss, déi sech wéi eng Schlaang duerch den Daul zitt. Mee de Préizerdaul huet vill méi ze bidden: schéin erhalen al Bauerenhäff, roueg Ecker, herrlech Panoramaweeër (zb.de Siwe-Bécke-Wee), eng grouss Auswiel u Sportsveräiner a modern Schoulinfrastrukturen. 

Et lount sech, eis Gemeng och emol abseits vun der Haaptstrooss z'entdecken!
 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten