Kanton Réiden Tourisme

Wanter-Quizrallye – Bréngt d’Faarwen zeréck an de Wëlle Westen!

Veröffentlicht: 26/11/2026 - 14:08
Aktualisiert: 26/11/2026 - 14:13
1 Minute
Foto: Canva

Dir sicht nach eng flott Aktivitéit fir d’ganz Famill an der Chrëschtvakanz? Da maacht mat bei eisem Wanter-Quizrallye!

De freche Wanterwand huet d’Faarwen aus dem Wëlle Westen ewechgeblosen. Zum Gléck hunn d’Déieren an de Schnéimännche schonn e puer dovun erëmfonnt. Mee fir datt eis Regioun nees an all hire Faarwe strale kann, brauche si e geheimt Zauberwuert – an Är Hëllef!

Gitt op Entdeckungsrees, léist d’Rätselen an entdeckt dat geheimt Zauberwuert. Dobäi ginn et och flott regional Präisser fir Grouss a Kleng ze gewannen!

Wéini?

19. Dezember 2026 bis den 3. Januar 2027

Wéi kënnt Dir matmaachen?

Mellt Iech beim TouristInfo Wëlle Westen un. Dir kritt de Quiz da per E-Mail zougeschéckt. Fir un der Verlousung deelzehuelen, schéckt eis bis de 4. Januar 2027 eng Foto vun Ärem ausgefëllten Äntwerteblat.

De Quiz ass op Lëtzebuergesch an op Franséisch disponibel.

Umeldung a weider Informatiounen:

tourisme@kanton-reiden.lu
Tel.: +352 28 33 45

Vill Spaass beim Rätselen an Entdecken!
 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Freizeit & Tourismus

Aktuelle Nachrichten