Georges Even
Een neit Buch vum Georges Even „Waffen-SS 1940-1945 Luxemburg“
12/10/2026
De Georges Carbon vu Kaalmes feiert dëst Joer 100 Joer Busgeschicht a senger Famill. Wat 1926 mat zwou Buslinne vu Sëll op Miersch ugefaangen huet, ass zu enger Familljentraditioun ginn, déi sech iwwer véier Generatiounen zitt. Als Urenkel vum Grënner Joseph Frisch hëlt hien eis mat op eng Rees, vun de Pionéierzäite vum Busverkéier iwwer abenteuerlech Faarten duerch d’Alpe bis bei seng grouss Passioun fir historesch Bussen.
Mäin Urgrousspapp Joseph Frisch, 1882 gebuer, huet eng Tankstell, en Eelewueregeschäft an e Bistro mat Restaurant an Telefon zu Sëll bedriwwen. Ufanks den 1920er Joren huet hie sech e klenge Camion ugeschaaft, fir Wueren op d'Gare zu Arel a Miersch sichen ze goen. 1926 koumen zwou Buslinnen op Miersch dobäi.
Wéi hien 1931 gestuerwen ass, hu seng fënnef Jongen de Betrib zesumme mat hirer Mamm ënner dem Numm „Frisch Frères et Veuve“ weidergefouert. 1939 hat d'Firma schonn zwielef Bussen an zwielef Taxien.
Wärend dem Krich duerften d'Frisch-Bridder just nach eng Buslinn bedreiwen. Si hu vill Truppentransporter un d'Front misse maachen, a mäi Grousspapp François war eng Zäit als Ambulanzchauffer am Asaz.
1947 hunn d'Bridder hir geschäftlech Aktivitéite getrennt. Den Emile huet säi Betrib an der Stad weidergefouert, mäi Grousspapp François huet zu Rammerich d'Firma „Autocars François Frisch“ gegrënnt. Nieft de Busser hat hien och Camionen, mat deenen hie fir Ponts et Chaussées gefuer ass, a fir de Mëllechtour an de Bau vun der Staumauer am Asaz war.
Ausserdeem huet hien de Schoultransport op Réiden an d'Regionalschoul assuréiert. Hien hat d'Kanner immens gär an huet ëmmer gär mat hinne gespillt.
Wéi mäi Grousspapp 1969 gestuerwen ass, huet meng Boma de Betrib nach fënnef Joer weidergefouert. Duerno huet hire Jong Emile, mäi Monni, d'Firma iwwerholl an d'Gesellschaft „Anciens Établissements Autocars François Frisch“ gegrënnt.
1991 sinn ech bei mäi Monni schaffe gaangen, an 1995 hunn ech d'Geschäftsleedung iwwerholl. Am Joer 2000 ass de Betrib verkaaft ginn.
Mee de Busverkéier huet mech ni lassgelooss! 2007 hunn ech mam Novabus ugefaangen, dem Virgänger vum Adapto. Haut hu mir iwwer 30 kleng Bussen.
Bis an d'1960er Joren haten déi allermeescht Leit bei eis keen Auto, dacks emol kee Führerschäin. Nieft dem Zuch war de Bus dat eenzegt Transportmëttel, fir méi wäit fortzekommen, op d'Schmelz schaffen ze goen oder mol en Ausfluch ze maachen. De Bus huet de Leit d'Dier zur Welt opgemaach!
Ufanks kruten d'Busentreprisen och keng staatlech Ënnerstëtzung. Den Ticketsverkaf war déi eenzeg Akommesquell, an um Enn vum Dag huet d'Rechnung missen opgoen. E Bus war eng enorm Investitioun, op déi ee gutt opgepasst huet. Eng Kaskoversécherung gouf et deemools net!
Dat beandrockt mech haut nach! Et goufe keng Autobunnen a keng Tunnellen duerch d'Alpen. Eis Busser waren eigentlech guer net fir esou laang an deels géi Strecken ausgeluecht.
1952 sinn 30 Massendénger mat hirem Paschtouer fir Ouschteren op Roum gefuer. An den enke Biergkéieren hunn d'Jonge musse mathëllefen an hëlzen Dillen ënnert d'Rieder leeën, fir datt de Bus net no hanne gerullt ass.
Vun den aacht Deeg, déi d'Rees gedauert huet, hu si der just zwee zu Roum verbruecht. Dräi Deeg huet d'Hifaart gedauert an nach eng Kéier dräi d'Réckfaart!
An et gouf natierlech kee Google Maps. Wann de Chauffer de Wee net wousst, huet hien d'Leit op der Strooss misse froen. Reese war deemools nach e richtegt Abenteuer!
Dat huet ganz fréi ugefaangen. Mat fënnef Joer hunn ech an enger Këscht eng Foto vun 1964 entdeckt, op där d'Frisch-Busser op der Duerfplaz zu Rammerich stoungen. Déi Foto huet mech net méi lassgelooss. Genee wéi mäi klenge Märklin-Bus mech als Kand net lassgelooss huet!
A menger Kandheet gouf doheem natierlech vill iwwer Busser geschwat. Wann e Chauffer iergendwou am Schnéi hänke bliwwen ass, hunn ech als Kand richteg matgeféiwert. Ech war ëmmer eréischt berouegt, wann de Chauffer mat sengem Bus erëm gutt doheem war.
Mat 24 Joer hunn ech mäin éischten „ale Bus“ kaf. Wärend meng Kolleege sech hiren éischte Golf GTI geleescht hunn, hunn ech versicht, en ale Bus um Liewen ze halen!
Et ass d'Nostalgie! An eiser hektescher Zäit hu vill Leit de Wonsch, e „Gang zréckzeschalten“ an ze entschleunegen. An engem Oldtimer-Bus kann een déi gutt al Zäit fir e puer Stonnen erëm opliewe loossen.
Et gëtt ee gemittlech duerch d'Landschaft kutschéiert, an op eemol schéngt d'Zäit e bësse méi lues ze lafen!
Ugefaangen huet alles ganz kleng, mat enger Hochzäit fir en Noper. Haut hu mir eng Dosen historesch Bussen, déi vun Abrëll bis Enn Oktober fir Hochzäiten, Veräinsausflich, Fester a Firmenevenementer am Asaz sinn. Mir schaffen och mat de regionalen Tourismusbüroen am ganze Land zesummen.
Mir sinn e puer Chaufferen, déi dës historesch Faarten encadréieren. Déi gutt a positiv Stëmmung mécht dës Ausflich zu menge Liblingsmissiounen.
Jo, an dat ass ëmmer erëm impressionant! Viru Kuerzem war ech mat engem Bus zu Arles an zu Paräis fir d'Dréiaarbechte vun engem neie franséische Film iwwer den Johnny Hallyday.
Ech war immens beandrockt vun der Präzisioun, mat där alles recherchéiert gouf, a wéi genee drop opgepasst gouf, datt alles aus där Zäit staamt. Eng Zeen mam Johnny a senger Fra gouf a mengem Bus gedréit.
Lëtzebuerg huet deemools och eng EU-Direktiv missen ëmsetzen, déi garantéiere sollt, datt Mënsche mat ageschränkter Mobilitéit sech méiglechst fräi beweege kënnen a gläichberechtegt um gesellschaftleche Liewen deelhuelen. Adapto ass doropshin op meng Initiativ entstanen.
De Service riicht sech u Leit, déi beispillsweis op e Rollstull oder Rollator ugewise sinn an déi klassesch ëffentlech Transportmëttel net benotze kënnen. Si ginn doheem ofgeholl an op hir Rendez-vouse gefouert.
Fir mech ass dat eng ganz wichteg Aufgab vum Transport: Mënsche mateneen ze verbannen an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, mobil ze bleiwen.
Ech si frou, datt ech d'Familljentraditioun weiderféiere kann. Mäin Urgrousspapp hätt sech bestëmmt net kënne virstellen, wat aus sengen zwou Buslinne vun deemools eng Kéier géif ginn.
Un deene Busser hänken eng Hellewull Erënnerungen. An et mécht mech ëmmer erëm frou, wann ech gesinn, wéi begeeschtert d'Leit nach haut sinn, wa si eis al Bussen ënnerwee gesinn.
Hutt Dir nach al Fotoen, Billjeeën, Dokumenter oder eng flott Anekdot iwwer d'Frisch-Bussen?
De Georges Carbon freet sech iwwer all Erënnerung, déi dozou bäidréit, dëst wäertvollt Stéck regional Transportgeschicht lieweg ze halen a fir déi nächst Generatiounen ze erhalen.
Georges Carbon
E-Mail: georges@carbon.lu
Internet: www.oldtimerbus.lu
Telefon: 26 00 20 00
Georges Even
12/10/2026
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Sëll
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
25/09/2026
Leader Wëlle Westen
25/09/2026
385th Bomb Group Museum
23/09/2026
Chrëschtdag
16/10/2026
Chrëschtmäert-Agenda
26/11/2026
Club Soroptimist Mosaik
26/11/2026
Club Atertdall
26/11/2026
Kanton Réiden Tourisme
26/11/2026
Dëschtennis
26/11/2026