Georges Carbon
100 Joer Passioun fir d’Mobilitéit
25/11/2026
An hirem neie Buch „Bornes frontières / Grenzmaarken“ huelen d'Natacha Bivort an de Jos Goergen vu Kolpech eis mat op eng spannend Sich no den 287 Grenzmaarke laanscht déi 148 Kilometer vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz. Am Gespréich erziele si eis vun hiren Entdeckungen, hire gewoten Abenteuer an hirer Begeeschterung fir dëse vergiessenen, awer eemolege Patrimoine.
Jos: Wéi ech e klenge Bouf war, hat mäi Papp mech eng Kéier mat op Arel geholl, fir Fritten z'iessen. Zu Uewerpallen si mir bei der Grenzmaark N°118 stoe bliwwen an hien huet mech bei der Hand geholl: „Kuck, ech stinn an der Belsch an du zu Lëtzebuerg!“ Dat hat ech genial fonnt! Virun 18 Joer hunn ech dunn déi wonnerschéi Fotoe vun zwee Hollänner entdeckt, déi déi ganz Grenz ze Fouss ofgetrëppelt waren. Do hat mech de Virus gepaakt: Ech wollt d'Grenzmaarken onbedéngt alleguer fannen!
Jos: Stellt Iech vir: 287 nummeréiert Grenzmaarken aus Goss an 220 Tëschemaarken aus Stee goufen 1843 an nëmmen zwee Méint opgeriicht! Eng richteg Meeschterleeschtung fir déi Zäit! D'Nummeréierung fänkt beim Dräilännereck bei Rodange un an hält op der Schmëtt bei Huldang op. D'Maarke vun 104 bis 176 leie laanscht eise Kanton.
Se sinn 2,47 Meter héich, dovunner stieche 60 Zentimeter am Buedem, se weien 372kg, an droen d'Wope vun deenen zwee Länner. Wann een de Lëtzebuerger Wope gesäit, steet een zu Lëtzebuerg an dat selwecht gëllt fir de belsche Wopen. Hir Spëtzt a Form vun engem Dännenzap symboliséiert d'Laangliewegkeet. Esou imposant Grenzmaarken aus Goss sinn extrem seelen. Et fënnt een der och op der belsch-hollännescher Grenz, wärend se soss meeschtens aus Steen oder Holz sinn. Wat fir en aussergewéinleche Patrimoine direkt virun eiser Hausdier!
Jos: 1839 gouf mam Traité vu London déi territorial Trennung tëscht der Belsch an dem Grand-Duché festgeluecht. Mam Traité vu Maastricht vun 1843 gouf kuerz drop de geneeë Grenzverlaf definéiert. Hannert deem dacks verwénkelte Verlaf stieche militäresch, strategesch a grondbesëtzlech, awer och reliéis Ursaachen. Esou soll de Baron vu Guirsch anscheinend léiwer Belsch bliwwe sinn, wéi dem Wëllem II., dem protestanteschen Herrscher vun Holland a dem Grand-Duché, ze déngen.
Natacha: An dat ass et och! Enn 2022 huet mech de Virus gepaakt. Duerno sinn ech déi 148 Kilometer laang Grenz eleng ofgaangen, just mat menger Begeeschterung am Gepäck. Dat huet mech annerhalleft Joer kascht!
Et war net ëmmer einfach. Verschidde Maarke stinn direkt laanscht dem Wee, anerer verstoppe sech matzen an engem bal onduerchdréngleche Bësch. Ech hu léiwer op déi al Manéier gesicht, mat enger Pabeierskaart an ouni GPS. Heiansdo hunn ech dräi Stonne laang no enger Maark gesicht! Eng Kéier, an engem Dännebësch, hunn ech mech no laangem Sichen ëmgedréint ... an d'Maark stoung direkt hannert mir, perfekt getarnt tëscht lauter Bamstämm! Wat war dat fir eng Freed, wéi ech se endlech fonnt hat!
Natacha & Jos: Eng Grenzmaark op enger klenger Insel an der Wolz-Baach, tëscht Donkels a Bras an der Belsch. Mir hunn eis missen duerch Brennnesselen an déckt Gestrëpp duerchkämpfen. Dobäi ass de Jos an e Lach gefall, dat e Biber gegruewen hat. Duerno hu mir eis wéi Seeldänzer iwwer e Bamstamm balancéiert, fir op d'Insel ze kommen.
Op esou ofgeleeëne Plaze gëtt et heiansdo keen Handysreseau. Wann ech eleng ënnerwee sinn, soen ech mengem Mann dofir ëmmer, wéi eng Grenzmaarken ech wëll besiche goen.
Natacha: Lëtzebuerg ass e wonnerschéint Land, an d'Grenzmaarke passen esou harmonesch an d'Landschaft! Ech hu besonnesch gär, wéi se mat der Natur verschmëlzen an heiansdo bal onsichtbar ginn. Se hunn eppes Mysteriéises, bal Magesches u sech a wierken, wéi wa se zanter iwwer 180 Joer iwwer eist Land waachen.
Op menge Wanderunge fotograféieren ech och d'Dierfer, d'Felder, d'Bëscher an d'Faarwen, déi sech mat de Joreszäite veränneren. Ech hunn esou vill Fotoe gemaach, dass ech iwwer all eenzel Grenzmaark e ganzt Buch kéint erausginn!
Jos: Verschidde Grenzmaarke si verschwonnen, anerer sinn a Muséeë gelant oder an engem miserabelen Zoustand. Hir Spuer erëmzefanne verlaangt heiansdo richteg Detektivaarbecht!
Duerch eis Demarchë konnte schonn e puer Maarke restauréiert ginn. D'Gemengen, déi fir hiren Ënnerhalt zoustänneg sinn, weisen sech meeschtens ganz kooperativ. Elo wëlle mir en Inventaire vun hirem Zoustand opstellen, fir weider Restauratiounen unzestoussen. Dëse Patrimoine verdéngt eis Opmierksamkeet!
Jos an Natacha: Dass si sech och vum Grenzmaarke-Virus ustieche loossen, selwer op d'Sich ginn an d'Grenzmaarke fir sech entdecken! Och wann d'Grenzen haut op sinn, bleiwen dës Zeie vun eiser Geschicht wäertvoll.
Mir ginn d'Grenzmaarke reegelméisseg besichen. D'Landschaft verännert sech mat de Joreszäiten ... an natierlech wëlle mir och kucken, ob et hinnen nach ëmmer gutt geet!
D'Buch „Bornes frontières / Grenzmaarken“ huet 180 Säiten am A4-Format an ass fir 45 € an de Lëtzebuerger Librairien an am Pall Center ze kréien.
Op www.geoportail.lu ( cartes topographiques 1 :20000)
Och op: https://www.facebook.com/groups/bornesfrontieres
Kontakt: info@bornesfrontieres.lu
Georges Carbon
25/11/2026
Georges Even
12/10/2026
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Sëll
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
25/09/2026
Leader Wëlle Westen
25/09/2026
Chrëschtdag
27/11/2026
Chrëschtmäert-Agenda
26/11/2026
Club Soroptimist Mosaik
26/11/2026
Kanton Réiden Tourisme
26/11/2026
European Energy Award
26/11/2026
Atert Lycée Réiden
26/11/2026