Club Soroptimist Mosaik
Kannerwonschbam 2026 – Arbre de vœux pour enfants
26/11/2026
Beim Relais pour la Vie stoung net déi sportlech Leeschtung am Mëttelpunkt, mee d'Solidaritéit mat deene Mënschen, déi vu Kriibs betraff sinn. Och d'ALR-Schoulgemeinschaft engagéiert sech fir dës wichteg Aktioun. Mat vill Motivatioun an Teamgeescht hunn eis Schülerinnen a Schüler gewisen, datt een zesumme vill beweege kann.
Wat kënne mir vun enger Regioun wéi Lappland léieren? Am Projet Ëmwelt – Ëmfeld – Ech beschäftege mir eis mat der Natur, eisem Ëmgang mat der Ëmwelt an der Fro, wéi mir eis eege Liewensweis méi nohalteg gestalte kënnen. Den Austausch mat Partner aus dem finnesche Lappland erméiglecht eis nei Perspektiven a weist, wéi ënnerschiddlech Mënschen an Europa mat hirer Ëmwelt zesummeliewen.
Musek kennt keng Grenzen! Am interkulturelle Projet Musik ohne Grenzen hunn Schülerinnen a Schüler vum Atert-Lycée Réiden a vum Schengen-Lycée Perl zesummen musizéiert. Am Orchester an am Chouer hunn déi Jonk net nëmmen hir gemeinsam Freed un der Musek entdeckt, mee hunn och nei Kontakter iwwer d'Lännergrenzen ewech geknëppt. De Projet gouf vun der Europäescher Unioun am Kader vun Interreg Groussregioun kofinanzéiert.
Wéi gesäit de Schoulalldag am Atert-Lycée aus? Bei eiser Porte ouverte kruten zukünfteg Schülerinnen a Schüler an hir Familljen d'Geleeënheet, eis Schoul besser kennenzeléieren. Nieft Informatiounen iwwer eis Schouloffer goufen et och vill Projeten, Aktivitéiten an Atelieren ze entdecken. Eng flott Geleeënheet, fir mat Enseignanten a Schülerinnen a Schüler an d'Gespréich ze kommen an d'ALR-Atmosphär ze erliewen.
Am Abrëll 2026 huet eis Theatergrupp TheAtert mat „Die Nibelungen“ eng vun de bekanntste mëttelalterleche Geschichten op d'Bün bruecht – mat vill Humor, Kreativitéit an enger ganz eegener Interpretatioun. Léift, Jalousie, Muecht a Verrot hunn dobäi fir Spannung, awer och fir vill Laache gesuergt. No Méint vu Prouwen hunn eis jonk Schauspillerinnen a Schauspiller mat vill Engagement an Talent gewisen, wat alles an hinne stécht. Zwee flott Theaterowender, déi eis nach laang an Erënnerung bleiwe wäerten!
Club Soroptimist Mosaik
26/11/2026
Ecole européenne
25/11/2026
Réidener Jugendtreff
23/11/2026
Atert Lycée Réiden
23/11/2026
Alexis Schloesser
23/11/2026
Réidener Jugendtreff
17/08/2026
Chrëschtdag
27/11/2026
Chrëschtmäert-Agenda
26/11/2026
Club Soroptimist Mosaik
26/11/2026
Kanton Réiden Tourisme
26/11/2026
European Energy Award
26/11/2026
Fanny Ngan
26/11/2026