Musée de l'Ardoise
Europäesch Deeg vum Patrimoine 17-18/10/2026
28/09/2026
D’Iddi fir e Geschichtsveräi koum vun eisem nach ëmmer aktuelle President Romain Jacoby. Zënter senger Kandheet interesséiert sech de Romain nämlech fir d’Geschicht a war dacks „siche gaangen“ an huet dobäi Relikter aus der Steenzäit, vun de Réimer an aus dem 2. Weltkrich mat heem bruecht.
D’Entdeckung vum gallo-réimesche Mosaik 1995 huet d’Viichter Leit fir d’Geschicht vum Duerf sensibiliséiert an duerch dës Dynamik hu sech genuch Leit aus dem Duerf zesummefonnt fir bei de Viichter Geschichtsfrënn matzeschaffen. 2008 goufen och d’Mäerzeger mat integréiert a mir hunn eis a Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn ëmbenannt.
Eis Missioun ass, duerch Recherchen um Terrain – an de Familljen an an der Literatur – historesch Evenementer a Perséinlechkeeten ze erfaassen, ze dokumentéieren an ze publizéieren. Dobäi beschränke mir eis net nëmmen op Viichten a Mäerzeg, mee interesséieren eis och fir d’Geschicht vun den Nopeschgemengen. Am Mëttelpunkt steet net d’Sich no materielle Schätz, mee den Erhalt vum historesche Patrimoine vun eiser Géigend. Eis Aarbecht gliddert sech an dräi grouss Beräicher: Recherche, Publikatioun an d’Vermëttlung un de Public.
Wat sinn d’Aktivitéite vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn?
Eng Haaptaktivitéit vun äis ass d’Publikatioun vun der Broschür De Viichter Geschichtsfrënd. Ausserdeem hate mir viru kuerzem schonn déi 11. Oplo vun der Journée de l’Histoire locale, wou sech ronn 30 historesch Veräiner, Muséeën, Sammler, Auteuren a Genealogie-Experten dem breede Publikum presentéiert hunn.
De Moment si mir bedeelegt un engem Projet, fir eng archeologesch Kaart, souwuel analog, wéi digital, opzebauen. Dann hu mir wëlles, al Fotoe vu Viichter a Méchelbucher Leit, Veräiner an Haiser ze scannen an ze beschrëften. A mir schaffen un der neier Editioun vum Viichter Geschichtsfrënd.
Duerch d’Hëllef vu kompetenten a benevole Mataarbechter decke mir eng breet Panoplie un Theemen of. Duerch d’Prospektioun vu verschiddene Memberen hu mir Artefakten aus der Steenzäit, aus der Réimerzäit an aus dem zweete Weltkrich, déi mir dann am Viichter Geschichtsfrënd auswäerten. Och Sammlungen, al Fotoen an eng Bibliographie vun eiser Gemeng ginn an der Broschür ofgedréckt. D’Broschür kann ee beim Veräi kréien.
D’Geschicht stäerkt d’Zougehéieregkeetsgefill an de sozialen Zesummenhalt. Een Duerf ouni Geschicht verléiert säi Gesiicht a seng Séil. Dofir ass eis d’Deele vun eise Resultater mam Public esou wichteg.
Eist Zil ass et, déi historesch Ierfschaft lieweg ze halen an och jonk Generatioune fir d’Vergaangenheet vun eiser Regioun ze begeeschteren. E regionale Musée wier eng wichteg Perspektiv fir de Kanton.
Ënnerstëtzung ass méiglech duerch Memberschaft, Donen, de Besuch vun Aktivitéiten oder d’Bereetstelle vu Fotoen an Dokumenter. All Kaf vun eise Produiten (personaliséiert Timberen, Broschüren, ...) an all Informatiounen, déi mir kréien, hëllefen äis materiell an ideell weider.
Mir wëllen der Gemeng Viichten e ganz häerzleche Merci ausdrécke fir hir wäertvoll a kontinuéierlech Ënnerstëtzung vun Ufank un.
Viichter & Mäerzeger Geschichtsfrënn
info@viichtengf.lu
Musée de l'Ardoise
28/09/2026
Gemeng Sëll
28/09/2026
Musée de l'Ardoise
25/09/2026
Leader Wëlle Westen
25/09/2026
385th Bomb Group Museum
23/09/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Musée Michel Lucius
23/10/2026
Musikschoul
23/10/2026
Club Atertdall
19/10/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026