Musée de l'Ardoise
D'Villa Rother am Musée de l'Ardoise
06/08/2026
De Weekend vum 16. a 17. Mee maachen dräi vun eise Muséen hier Diere fir de Public op - an dat net nëmme mat engem besonnesche Programm, mee och nach gratis!
Dir kënnt op eege Fauscht d’Grouf Johanna besichen an bis op -42 m ënnert dem Buedem an d’Welt vun de Leeklëpperten (Aarbechter aus de Schifergrouwen) erofklammen. Zousätzlech gëtt en Escape Game ugebueden. Dëse Weekend ass déi perfekt Geleeënheet, dësen eenzegaartegen a geschichtsträchtege Site mat Famill oder Frënn z’entdecken.
Freet Iech och op Virféierungen an der Schmëtt oder klammt an den Industrie-Zichelchen, fir eng Faart iwwer de Site vun der fréierer Schifergrouf ze maachen. A fir eng Paus anzeleeën, luet de gemittleche BopeBistro op eng Erfrëschung an.
Am Kader vun de Luxembourg Museum Days 2026 organiséiert d’Kulturmillen een Escape Game. D’Plaze si limitéiert an dowéinst ass et wichteg, dass Dir Iech esou séier wéi méiglech aschreift.
Nieft dem oppene Musée Thillenvogtei, deen d’Liewe wéi virun 100 Joer weist, ginn nach vill aner Aktivitéiten ugebueden. Natierlech ass och fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
Ouni Umeldung.
Méi Info: www.thillenvogtei.lu
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
Gemeng Préizerdaul
17/04/2026
Lokal Geschicht
26/01/2026
Geschicht a Patrimoine
24/11/2025
Projet Zäitrees
01/10/2025
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026