Kultur-Agenda
Agenda Oktober 2026
29/09/2026
Dëst Joer feiere mir den Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch op eng ganz besonnesch Aart a Weis: mat Musek!
De 24. September steet den Haff vun der Useldenger Buerg ganz am Zeeche vun der Lëtzebuerger Musek a Sprooch. Verschidden Interprete presentéiere Lëtzebuerger Lidder vun haut a vu fréier, fir all Generatioun – fir nozelauschteren, erëm ze entdecken an natierlech och fir zesumme matzesangen.
Am eenzegaartege Kader vum Buerghaff kënnt Dir no der Aarbecht e flotten Owend an enger entspaanter a geselleger Atmosphär verbréngen. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech och gesuergt, fir dëse schéinen Owend ofzeronnen.
Eng Umeldung ass net néideg: Kommt einfach de 24. September tëschent 17:00 an 22:00 Auer op d'Useldenger Buerg laanscht.
Kommt lauschteren, sangen a feiert mat eis déi Lëtzebuerger Sprooch a Kultur!
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Musique dans la Vallée
14/08/2026
Musikschoul
14/08/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026