Lokal Geschicht
Journée de l’histoire locale: 1. Mäerz zu Viichten
26/01/2026
Zu Rëmmerech am Gebuertshaus vum Michel Lucius (1876-1961), dem bekanntste Lëtzebuerger Geolog, befënnt sech haut e Musée, dee sengem Liewen a senger grousser Leidenschaft gewidmet ass.
Mir hunn eis mam Jos Bormann, dem Guide vum Musée, ënnerhalen.
Am Heemichtshaus vum Michel Lucius huet bis 1978 eng eeler Koppel gewunnt. Wéi de Staat d’Haus 1993 mat der Absicht kaf hat, e Musée anzeriichten, war et an engem schlechte baulichen Zoustand. Duerno ass Jore laang näischt geschitt.
Op Initiativ vum deemolige Buergermeeschter Emile Calmes gouf 2001 den Institut géologique Michel Lucius (IGML) gegrënnt. De Veräin huet sech intensiv fir d’Renovéierung vum Haus agesat, an 2005 konnt de Musée endlich offiziell ageweit ginn.
D’Missioun vum IGML war d’Erënnerung un de berüümte Geolog ze erhalen an de Public mat der Geologie vun eisem Land vertraut ze maachen. An deenen éischte Jore goufe Konferenzen an Exkursioune organiséiert, Schoulklassen empfaangen an Aktivitéite mam PANDA-Club ugebueden.
Mat der Zäit hunn d’Aktivitéite vum Veräin ofgeholl. 2013 hunn ech als Bénévole ugefaang, Visitten ze begleeden. Haut empfänke mir virun allem Schoulklassen an aner Gruppen, dorënner och Senioreveräiner.
Ech denken un 3 Saachen:
Am Kader vun engem LEADER-Projet wëlle mir de Musée Michel Lucius méi bekannt maachen an em neit Liewen anhauchen. E soll weiderhin an éischter Linn e wëssenschaftleche Musée bleiwen. Donieft stelle mir eis de Musée och als Treffpunkt fir kleng Gruppe vir.
Mir sinn op engagéiert Leit ugewisen, déi sech wëllen abréngen. Besonnesch wäertvoll wier et, nach eng Geologin oder e Geolog ze gewannen, déi eis Laie fachlech begleede kéinten.
Zugläich hoffe mir, datt de Musée dem Staat wichteg bleift an datt d’Gemeng Préizerdaul och an Zukunft fir den deeglechen Ënnerhalt suergt. Dofir si mir ganz dankbar.
Ech bewonneren de Michel Lucius, dee säi Liewen trotz munche Réckschléi beharrlich nom Motto „Lebe deinen Traum“ gestalt huet.
An als ausgebilten Ingénieur sinn ech och mat 75 Joer nach ëmmer staark un allem interesséiert, wat mat Naturwëssenschaft ze dinn huet.
Ech géif mir wënschen, datt de Musée pedagogesch ausgebaut gëtt, zum Beispill mat engem Animatiounsfilm iwwer déi geologesch Prozesser. Esou Filmer ginn et schonn am Geopark Mëllerdall.
Zousätzlech ginn et zu Lëtzebuerg vill kleng lokal Muséeën, déi mat änleche Problemer konfrontéiert sinn. Firwat dës net an engem Netzwierk zesummeféieren an e gemeinsame Visitteprogramm – eng Zort „Tour de Luxembourg“ – opbauen?
Mir soen dem Jos Bormann e grousse Merci fir säin Engagement a wënschen him an dem Musée vill Erfolleg!
Musée Michel Lucius
9, rue Dr. Lucius
L-8414 Reimberg
Gemeng T. 26 62 99-140
Guide: 23 62 05 36
Ëffnungszäiten: all 1. Sonndeg am Mount vun 10h30 bis 11h30 fir Visitten ouni Umeldung op.
Visitte sinn och fir Gruppen zu aneren Terminer méiglech.
Lokal Geschicht
26/01/2026
Geschicht a Patrimoine
24/11/2025
Projet Zäitrees
01/10/2025
Musée Thillenvogtei
11/09/2025
Projet Zäitrees
21/08/2025
Musée Thillenvogtei
10/07/2025
Gemeng Groussbus-Wal
28/04/2026
Musikschoul
28/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
27/04/2026
Musée de l'Ardoise
27/04/2026
Vallée de l'Attert
22/04/2026