HOP HOP an de Musée
Museum Days 2026 am Kanton Réiden de 16. a 17. Mee 2026
29/04/2026
Am Hierscht sinn zwou nei héich interessant historesch Publikatiounen aus eisem Kanton erausbruecht ginn:
1624 – Hexejuegd zu Uselding
D’Prioratsfrënn vun Uselding asbl hunn e Buch iwwert de Prozess vun der Katrin Theis erausbruecht.
An der Useldinger Duerfgeschicht stécht d’Joer 1624 besonnesch ervir duerch den Hexeprozess géint d’Katrin Theis, eng traureg, awer héich interessant Säit vun der Useldinger Geschicht. Dës Geriichtsaffär gouf scho virun e puer Joer vum Jemp Schuster als Héierspill geschriwwen, an am Oktober 2024 hu mir, genee 400 Joer nom Prozess, eng Theateradaptatioun mat groussem Erfolleg op d’Bün bruecht. Dat war den Ausléiser fir d’Buch.
De komplette Geriichtsrapport vun deemools ass erhale bliwwen – eng Raritéit. Doraus ergi sech wäertvoll Ablécker an de juristeschen, politeschen a soziale Kontext vum 17. Joerhonnert, souwéi an d’Liewen an d’Duerfstruktur vun där Zäit.
D’Buch wëll net nëmmen d’Fakten dokumentéieren, mee och e Gefill fir d’Zäit vermëttelen –d’Ängschten, de Glawen, d’Muechtverhältnisser. Et soll weisen, wéi esou eng Hexeverfollgung entstoe konnt a wat mir haut doraus kënne léieren.
D’Buch 1624 Hexejuegd zu Uselding – De Prozess vun der Katrin Theis ass am Oktober 2025 erauskomm. Et ëmfaasst 230 Säiten, enthält vill Fotoen an Illustratiounen.
D’Oplo ass limitéiert op 250 Exemplaren, de Präis läit bei 58 €. Bestelle kann een iwwer alwal@pt.lu an Tel. 691 63 00 44.
De Viichter Geschichtsfrënd N°23
D’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn hunn eng nei Broschür erausginn.
D’Theme vun dëser 23. Viichter Geschichtsfrënn – Broschür sinn:
Dir kënnt d’Broschüre bestellen, andeems dir 25,00 € iwwerweist op de Konto
vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn
CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436
HOP HOP an de Musée
29/04/2026
Gemeng Préizerdaul
17/04/2026
Lokal Geschicht
26/01/2026
Projet Zäitrees
01/10/2025
Musée Thillenvogtei
11/09/2025
Projet Zäitrees
21/08/2025
Kultur-Agenda
30/04/2026
RGTR
30/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
29/04/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026