Kanton Réiden Environnement
Nei Subsiden & Optioun vum Virfinanzement fir Photovoltaik-Anlagen a Batterien
04/03/2026
Besonnesch déi éischt zwou Woche vum Abrëll ass vill op de Sitte vun eisem Wandpark passéiert. Aus dem ganze Kanton gesäit een elo d’Tierm stoen a bei der Foulschter Anlag sinn d’Gondel, de Rotor an déi dräi Flilleke scho montéiert.
D’Konstruktioun erfollegt mat zwee verschiddene Kranen : ee méi klenge Kran baut den ënneschten Deel vum Tuerm aus Betonelementer (ongeféier 70 m héich), dono kënnt e méi grousse Kran, fir déi dräi Stoldeeler ze montéieren, déi d’Struktur ofschléissen.
Uschléissend ginn d’Gondel, de Stator, de Rotor an déi dräi Flilleke montéiert. Wann dës Aarbecht fäerdeg ass, maachen d’Elektriker d’Verkablung an d’Uschlëss.
De Montage vun de Wandrieder hänkt staark vum Wieder of. Fir d’Elementer an d’Héicht ze hiewen, soll esou wéineg wéi méiglech Wand sinn, well se trotz hirem Gewiicht séier beweeglech ginn an onkontrolléierbar kënne ginn, besonnesch d’Flilleken.
An de kommenden Woche ginn déi éischt Wandmillen an eng Testphas iwwerfouert. An dësem Kader kann et virkommen, datt eng Wandmille fir e puer Deeg a Betrib ass an dono erëm temporär ausser Betrib geholl gëtt.
Dës Phas ass en integralen Deel vun der Mise en service an déngt dozou, d’Anlagen technesch ze iwwerpréiwen an optimal anzestellen, fir eng zouverlässeg an effizient Energieproduktioun ze garantéieren.
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Klima-Agence
27/02/2026
Maison de l'Eau
23/02/2026
Trinkwasser
17/02/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026
Gemeng Groussbus-Wal
28/04/2026
Musikschoul
28/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/04/2026
Kanton Réiden Mobilité
27/04/2026