Repair Café Kanton Réiden
Fléck-Nomëtten de 14. Mäerz 2026 zu Osper
20/02/2026
Eis Quellfaassungen ënnerleie strenge Qualitéitsnormen, déi mat der Zäit och ëmmer weider evoluéieren. Sou wonnert et net, datt dës Quell aus dem Joer 1926 an de leschten honnert Joer 3 mol renovéiert gouf. D’Haaptsanéierung huet tëscht 2023 an 2025 stattfonnt an dës Kéier gouf och dru geduecht, fir d’Quell esou ze amenagéieren, datt se fir Visitte vun der Ëffentlechkeet ka genotzt ginn. Am Géigesaz zu villen anere Quellfaassunge kann een am Kaschbur ganz gutt gesinn, wéi d’Waasser direkt aus dem Fiels erauskënnt an opgefaange gëtt.
De Kaschbur ass d’Haaptquell vum Drénkwaassersyndikat DEA. Si huet zu all Joreszäit een impressionnanten Debit. Dir kënnt Iech dovun den 18. Abrëll iwwerzeegen, wann den Drénkwaasserschutz-Animateur vun der DEA d’Gebai fir 3 Stonnen opmécht an Iech Erklärungen zur Waasserqualitéit an zur Drénkwaasserversuergung an der Regioun gëtt.
Op der Plaz kënnt Dir och bei enger Waasserverkäschtegung matmaachen, wou et gëllt, verschidde Mineralwaasser am Goût ze erkennen.
Organiséiert vum Drénkwaasserschutz Région Attert & Wincrange, Maison de l’Eau de l’Attert asbl, DEA
Beim Bësch vun Iener (Gemeng Sëll)
45min
3 Departen : 13h30 / 14h30 / 15h30
Fir d’Waasserqualitéit an der Atert ze iwwerwaachen, gi vun der Waasserverwaltung reegelméisseg eng Rei Analyse gemaach. Do ginn nieft cheemeschen a physikalesche Parameter och d’Waasserorganisme betruecht an all 3 Joer gëtt eng elektresch Fëscherei duerchgefouert, well och d’Zesummesetzung vun der Fëschpopulatioun e Réckschloss op proppert Waasser gëtt. Et ginn 3 Moossstatiounen op der Atert, wou dës Analyse gemaach ginn: Réiden, Béiwen a Colmer-Bierg.
De 25. Abrëll weise mir Iech zu Colmer, wéi esou eng Befëschung gemaach gëtt. Vun 14 bis 16 Auer si mir op der Plaz. Fir d’éischt kënnt Dir gesinn, wéi d’Fësch gefaang ginn, da wéi se gesënnert a bestëmmt ginn. Dir kritt och d’Méiglechkeet e puer kleng Frellen, déi dëst Joer an der Pisciculture ze Lëntgen aus den Eeër geschlüpft sinn, an d’Atert auszesetzen. A wann der bei eisem Gewënnspill op der Plaz matmaacht, dann hutt dir d’Méiglechkeet eent vun de Bicher „Les poissons au Luxembourg“ ze gewannen.
Dës Aktioun gëtt duerchgefouert an Zesummenarbecht mat den Ëmweltkommissioune vu Colmer-Bierg a Bissen
Colmer-Bierg am Park bei der Atert
14h-16h
Umelle kënnt Dir Iech bis den 23. Abrëll op: maison.eau@attert.com
D'Plaze si begrenzt.
Dës Aktioun ass staark wiederofhängeg a muss bei Reen ofgesot oder verluecht ginn. Dofir biede mir Iech, Iech unzemellen, fir dat mir Iech wann néideg kontaktéiere kënnen.
Repair Café Kanton Réiden
20/02/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026
Pacte climat
26/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026
Pacte climat
06/01/2026
Réidener Jugendtreff
23/02/2026
Gemeng Préizerdaul
20/02/2026
Kanton Réiden Tourisme
20/02/2026
Repair Café Kanton Réiden
20/02/2026
Réidener Schwämm
19/02/2026
Cycling Team Atertdaul
17/02/2026