Pacte climat
Klimapakt-Dag 2026: Véier Gemengen aus dem Kanton Réiden ausgezeechent
27/05/2026
De Wirtschafts- an den Ëmweltministère hunn de 4. Januar 2026 nei Subside fir Photovoltaik-Anlagen a Batterien agefouert, mat der Méiglechkeet vun engem Virfinanzement.
Dat heescht, datt d’Stéit d’Sue vum Subsid net méi virstrecke mussen. De Montant vum Subside gëtt direkt vum Installateur op der Schlussrechnung ofgezunn. De Client brauch also vun Ufank u manner ze bezuelen. De Virfinanzement ass fakultativ.
De Virfinanzement betrëfft an enger éischter Phas d‘Photovoltaik-Anlage souwéi Photovoltaik-Anlagen a Kombinatioun mat enger Hausbatterie. Eng Batterie, déi zu engem spéideren Zäitpunkt un eng bestoend Photovoltaik-Anlag ugeschloss gëtt, kann net vum Virfinanzement profitéieren, awer vum Subside.
Physesch Persounen oder Personnes morales, déi d’Konditioune fir d'Subside respektéieren, kënnen déi nei Subside fir Photovoltaik-Anlagen a Batterien an Usproch huelen.
De Virfinanzement ass fir physesch a Personnes Morales, déi Proprietär vun engem Gebai mat op mannst enger Wunneng sinn an déi d’Conditioune fir d’Subsiden an de Virfinanzement erfëllen. Ausgeschloss vum Virfinanzement si Betriber, déi enger Aktivitéit mat enger Autorisation d‘Etablissement ënnerleien.
De Montant hänkt vun der Leeschtung vun der Photovoltaik-Anlag (kWc) an der notzbarer Kapazitéit vun der Batterie (kWh) of. De Subside ka mat oder ouni Virfinanzement ugefrot ginn.
Den héchstméigleche Subside gëtt bei enger Photovoltaik-Anlag vu 15 kWc (10.000 €) respektiv bei enger Batterie mat enger Späicherkapazitéit vun 9 kWh (2.250 €) erreecht. Bei enger méi héijer Leeschtung wéi 15 kWc oder enger Kapazitéit iwwer 9 kWh gëllt den héchstméigleche Montant vun 10.000 € (PV) respektiv 2.250€ (Batterie).
D’Klima-Agence stellt en Online-Simulator zur Verfügung, mat deem Dir all disponibel Subsiden a Bäihëllefen estiméiere kënnt, inklusiv déi vum Staat, vun de Gemengen a vun den Energieversuerger.
Hei fannt Dir vill wieder Informatiounen zu de staatleche Subside fir Photovoltaikanlagen a Batterien, notamment zu den techneschen Ufuerderungen, de Viraussetzunge fir d’Klimabonus-Subsiden an d’Demandeformulairen:
D’Gemenge-Subside mussen direkt vum Client ugefrot ginn. De Bréif vum Staat, deen d’Zouso vum staatleche Subside confirméiert, muss der Demande fir d’Gemeng bäigeluecht ginn.
Hei fannt Dir all déi néideg Informatiounen fir e Gemenge-Subside anzereechen:
Profitéiert vun engem gratis Berodung mam Energieberoder vum Kanton Réiden.
Service Environnement – Conseil en énergie
Tél. : 28 33 44
Mail : environnement@kanton-reiden.lu
Pacte climat
27/05/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Maison de l'Eau
21/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
Klima-Agence
27/02/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026