Pacte climat
Klimapakt-Dag 2026: Véier Gemengen aus dem Kanton Réiden ausgezeechent
27/05/2026
De Service Environnement vum Kanton Réiden zitt e ganz positive Bilan vun de kommunale Primme fir elektresch Haushaltsapparater.
De Kanton Réiden iwwerhëlt dobäi d’Kontroll vun de Demandë fir all 9 Gemengen am Kanton Réiden. Nodeems eng Demande validéiert gouf, gëtt d’Prime vun der jeeweileger Gemeng direkt un d’Awunner ausbezuelt.
Am Joer 2025 goufe 507 Demandë kontrolléiert an traitéiert, am Verglach zu 329 am Joer 2024. Dat entsprécht enger Hausse vun ongeféier +54 %.
Zousätzlech konnten am Joer 2025 insgesamt 432 Prime accordéiert ginn, géintiwwer 287 am Joer 2024, also eng kloer Erhéijung vu ronn +50 %.
Dës Entwécklung léisst sech ënner anerem doduerch erklären, datt de Montant vun der Prime erhéicht gouf: fir Apparater, déi am Joer 2025 kaf goufen, läit d’Prime elo bei 150 €, am Verglach zu 100 € am Joer 2024.
Mir wëlle gläichzäiteg drun erënneren, datt eng net onwesentlech Zuel u Demanden huet missen en Suspens gesat oder refuséiert ginn, well d’Energieklass vum Apparat net de gültege Critèren entspriech huet respektiv den Dossier net komplett war. Et ass dofir recommandéiert, sech virum Kaf op eiser Internetsäit ze informéieren: www.environnement.kanton-reiden.lu
Fir Verspéidungen am Traitement ze vermeiden, biede mir iech och, all néideg Dokumenter komplett mat anzereechen.
Déi Dokumenter, déi am heefegste vergiess ginn, sinn ënner anerem:
Merci un all d'Awunner fir déi gutt Zesummenaarbecht. Wann d’Critèren agehale ginn an d’Demande komplett ass, kann d’Traitement méi séier an effizient oflafen.
Kanton Réiden
Service Environnement - Primes électroménagers
primes@kanton-reiden.lu
Tel : 28334 - 430
Pacte climat
27/05/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Maison de l'Eau
21/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026