Musée Thillenvogtei
De Jang Ney, Grënner vum Musée Thillenvogtei
11/09/2025
 Am Laf vum September huet de Syndikat Kanton Réiden dräi Zäitrees-Tier organiséiert. Vill Awunner aus eisem Kanton an och e puer Gäscht vu baussen ware dobäi a si mat eise lokalen Historiker a Geschichtsveräiner op eng spannend Entdeckungsrees gaangen.
Den éischten Tour war den 7. September bei héichsummerlechen Temperaturen am Daul.
De Claude Steichen an den Arthur Bour vum DigitalArchiv Préizerdaul hunn déi ronn 60 Participanten op e véier Kilometer laangen Trëppeltour duerch déi al Deeler vu Bierbereg a Rëmmereg matgeholl.
Ënnerwee hu si spannend Hannergrënn zu de Fotoen op den neien Zäitrees-Panneauen a zu wichtege Perséinlechkeeten aus dem Daul vermëttelt.
Nom enger klenger Erfrëschung goung et am Centre Op der Fabrik weider mat enger Virstellung vum DigitalArchiv Préizerdaul (www.dap-preizerdaul.lu). Op dëser digitaler Plattform hunn den Arthur an de Claude méi wéi 4.000 al Fotoen, Bicher, Dokumenter a Filmer digitaliséiert a se fir d’Ëffentlechkeet zougänglech gemaach.
Den zweeten Zäitrees-Trëppeltour de 14. September zu Bungeref gouf vum Romain Gaspar gefouert.
Hien huet d‘Participanten op d’Spuere vum Nic. Molitor (1882-1952) begleet, deem säi photographescht Wierk 2.000 Glasplacken iwwer d‘Bungerefer Duerfliewen ëmfaasst.
Op eisem Trëppeltour, goung et iwwer 12,5km duerch déi wëll an naturbeloosse Landschaft vu Bungeref. Ënnwee goufen anhand vun den ale Fotoen Verglacher zu haut gezunn an Informatiounen iwwer dat beweegtent Liewe vum Nic. vermëttelt.
De Syndicat d’Initiative vu Bungeref huet dësen Tour matorganiséiert a mécht eng wäertvoll Aarbecht beim Entretien vum Wee.
Dir fannt d’Broschüre vum Nic. Molitor Wee hei : Download Brochüre
Den 28. September hunn d‘Useldinger Prioratsfrënn op en Zäitrees-Trëppeltour an déi räich Geschicht vun Useldeng invitéiert.
Um ronn véier Kilometer laange Parcours, dee vun der Buerg iwwer de Bunnewee, d’Priorat, d’DEA-Gebai, d’Villa Reiffers bis bei d’Lourdes-Grott gefouert huet, hunn déi bal 30 Participanten vill spannend Erklärungen iwwert d’Duerf, seng Geschicht a seng Bewunner vum Stephie Reichert, dem Léon Gregorius an dem Georges Majeur krut.
Sämtlech Zäitrees-Trëppeltier fannt Dir op eiser Zäitrees-Kaart, déi Dir an der TouristInfo zu Uselding kënnt kréien.
Musée Thillenvogtei
11/09/2025
Projet Zäitrees
21/08/2025
Musée Thillenvogtei
10/07/2025
Projet Zäitrees
07/07/2025
Projet Zäitrees
30/05/2025
Musée de l'Ardoise
19/05/2025
Kanton Réiden
27/10/2025
Kanton Réiden
03/11/2025
Commune d'Useldange
31/10/2025
Foyer de Jour A Butzen
29/10/2025
Chrëschtdag Agenda
28/10/2025
Kultur-Agenda
28/10/2025