Musée de l'Ardoise
D'Villa Rother am Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sonndes, den 6. Juli, huet den éischte guidéierte Zäitrees-Trëppeltour vun dëser Saison zu Viichten stattfonnt. De Syndikat Kanton Réiden organiséiert dëst Joer am Ganze fënnef esou historesch Spadséiergäng.
Trotz Dauerreen hu sech eng 20 Persounen zesumme mam Romain Jacoby vun de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn op de Wee gemaach. Um Zäitrees-Circuit si mir bei de verschiddene Pannee stoe bliwwen a kruten ganz interessant Ablécker an d’Duerfliewe vun fréier: mir kruten iwwer déi zwee Duerfdeeler Uewer- an Ënnerviichten erzielt, iwwer Hochzäiten a Fändelweih, iwwer Prëssiounen am Duerf an d’Invasioun vum 10. Mee 1940.
Weider goufe mir informéiert iwwert d’al Schoul vu Viichten, déi fënnef Epicerien, déi et fréier am Duerf gouf, d’Schmëtt, d'Schluechte vun de Schwäin am Wanter, déi zwee Wäschbueren, d’Ardennenoffensiv, verstoppte Refraktären am Duerf an déi traureg Schicksaler vun den Duerfbewunner, déi net méi zeréckkoumen.
De Romain huet eis och beandrockend Detailer iwwert d’Réimeriwwerrechter, déi am Duerf nieft der Villa fonnt goufen, verroden. Dësen informativen a beräicherende Moie gouf beim Mosaik mat engem Patt ofgeschloss – och wann e waarmt Gedrénks bei deem naasse Wieder wuel besser gepasst hätt!
Mir soen dem Romain Jacoby an de Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn e grousse Merci fir hiren Asaz an dësem Projet an de kompetente Guidage.
Umeldung: event@kanton-reiden.lu
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
HOP HOP an de Musée
29/04/2026
Gemeng Préizerdaul
17/04/2026
Lokal Geschicht
26/01/2026
Geschicht a Patrimoine
24/11/2025
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026