
Musée de l'Ardoise
25.000ster Besucher Unter Tage
19/05/2025
Eise Kanton ass räich u Geschicht a Geschichten, un Traditiounen a spannenden Anekdoten. Dat gëtt eis och ëmmer erëm vu Visiteure bestätegt, déi an eise Kanton luusse kommen. Eis Geschichtsveräiner, Lokalhistoriker, Hobbysammler a Muséeën hu glécklecherweis iwwer Joerzéngten eng aussergewéinlech Aarbecht geleescht a vill Fotoen, Dokumenter a Material gesammelt, opgeschafft an archivéiert.
Fir e Stéck vun dësem Räichtum mat den Awunner a Visiteuren ze deelen, gouf 2021 de Projet „Op Zäitrees duerch de Wëlle Westen“ an d’Liewe geruff. Deemools goufen 100 Panneaue mat ale Fotoen am ganze Kanton opgeriicht.
Aktuell kommen nach e puer weider Panneaue bäi, sou dass mir an all Gemeng elo een Zäitrees-Trëppeltour ubidde kënnen, op deem een a reegelméissegen Ofstänn flott historesch Fotoen aus dem Duerf entdecke kann.
Nei ass och, dass op all Tour an Zukunft ee Gucklach-Panneau steet respektiv stoe kënnt – mat enger aler Foto, natierlech aus eisem Kanton.
De Projet gouf zu engem groussen Deel vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte finanzéiert. Ouni den Engagement an d’Kompetenz vun eise Geschichtsveräiner a Lokalhistoriker wier dëse Projet net méiglech gewiescht. Mir soen hinnen e ganz häerzleche Merci fir hir wäertvoll Hëllef an déi exzellent Zesummenaarbecht!
Deemnächst kënnt och eng Zäitrees-Kaart eraus, op där all d’Trëppeltier an historesch wichteg Plazen agedroe sinn. Dir wäert dës Kaart an eiser Tourist Info zu Useldeng kafe kënnen.
Profitéiert och vun eise guidéierten Zäitrees-Trëppeltier, déi am Summer an am Hierscht stattfanne wäerten. Dëst ass eng eemoleg Geleeënheet, fir zesumme mat eise fachkënnege Lokalhistoriker op Zäitrees duerch eis Dierfer ze goen a vill erstaunlech Informatiounen iwwer d’fréiert Liewen am Kanton ze kréien.
Musée de l'Ardoise
19/05/2025
World War II
25/02/2025
Ardennenoffensiv
28/12/2024
Ardennenoffensiv
23/12/2024
Ardennenoffensiv
20/12/2024
Geschichtsveräiner
17/12/2024
Kanton Réiden Tourisme
27/05/2025
Musikschoul
02/06/2025
Vallée de l'Attert
02/06/2025
Réidener Schwämm
30/05/2025
Kultur-Agenda
28/05/2025
Gemeng Ell
28/05/2025