Pacte climat

Interview mam Tom Staus, Klimaschäffen an der Gemeng Saeul

Veröffentlicht: 10/11/2024 - 13:09
Aktualisiert: 29/11/2024 - 17:22
5 Minuten
Tom Staus, Klima-Schöffe der Gemeinde Saeul

Dëst ass de véierten Interview vun der Serie „Interview mat de Klimaschäffen“. Mir maachen den Tour vun de Gemengen am Kanton Réiden an diskutéiere mat hire Klimaschäffen iwwer hir Projeten a Plang.

An dëser Editioun hu mir eis mam Tom Staus, Klimaschäffe vun der Gemeng Sëll ausgetosch. D’Gemeng Sëll ass fir d’lescht 2023 am Kader vum Klimapakt auditéiert ginn an huet de Sëlwer-Level erreecht. 

1.    Tom, firwat bass Du Klimaschäffe ginn?

D’Wuel vun eiser Ëmwelt ass mir immens wichteg. Mir hunn nëmmen ee Planéit, an et ass eis Verantwortung, dëse fir zukünfteg Generatiounen sou gutt wéi méiglech ze erhalen. Et geet drëm, datt eis Nofollger eng intakt Natur virfannen, an dofir musse mir haut déi richteg Schrëtt maache fir hinnen e liewenswäerte Planéit ze hannerloossen. Dozou wëll ech bäidroen. 

2.    Wat sinn déi gréisste Projeten, déi d’Gemeng Sëll am Klimaschutz-Beräich di leschte Joren ëmgesat huet? 

De viregte Gemengerot war ganz aktiv an huet vill flott Projeten ëmgesat oder an d’Weeër geleet: d’Installatioun vun enger Photovoltaik-Anlag op der Maison Relais, d‘Verkéierskonzept fir eis Dierfer an d‘Aféierung vun 20/30er Zonen, d’Pläng vun der Verkéiersberouegung virun eiser Schoul zu Sëll, d’Entwécklung vum Wunnquartier Solar Community zu Schweebech, de Vëloswee Sëll – Kapweiler, d‘Renovatioun vun der aler Molkerei zu Kaalmes wou rezent eng Wärmepompel installéiert gouf. 
Zousätzlech hu mir kierzlech entscheet, d'Randsträife vun eise Feldweeër méi spéit ze méinen, fir d’Biodiversitéit ze fërderen. Zesumme mat Sicona hu mir och nei Weieren zu Iener a bei Schweech ugeluecht.

Bagger auf einer Baustelle
Foto: Commune de Saeul

3.    Wat si Är Pläng fir de Klimaschutz an dëser Legislaturperiod?

Bei all Schrëtt an Entscheedung wäerte mir analyséieren, wéi en Impakt dës op eis Ëmwelt a Ressourcen huet. De Moment ass ee vun eise gréisste Projeten amgaangen: sämtlech Gemengegebaier (Kierch, Gemeng, Schoul, Maison Relais, Jugendhaus a Festsall) ginn un dat neit kommunaalt Nahwärmenetz ugeschloss, dat mat Pellets bedriwwe gëtt.
Gläichzäiteg profitéiere mir vum Chantier, fir déi néideg baulech Moossnamen ëmzesetzen, déi d'Aféierung vun der 30er Zone an der Areler Strooss ronderëm d'Schoul erméiglechen. Mat dëse Moossnamen hoffe mir, dass méi Schoulkanner zu Fouss an d'Schoul ginn an d'Liewensqualitéit souwéi d'Sécherheet an eisem Duerf verbessert ginn. 

4.    E ganz grousst Zil hutt Dir och wat d’Solarenergie ugeet?

Jo, genau. Ee vun de wichtegsten Ziler vum aktuelle Schäfferot ass, datt all verfügbar Daachfläch an der Gemeng – sief et privat oder ëffentlech – fir d'Solarenergie genotzt ginn. Berechnunge weisen, datt mir esou vill Stroum kéinte produzéieren, wéi e grousst Wandrad, wann all Diech mat Pannoen ausgestatt wieren. Mir schaffe scho konkret un engem Projet a wäerten deemnächst eng Biergerversammlung dozou organiséieren.

5.    Wéi wëllt Dir Ären Energie-a Waasserverbrauch optiméieren?  

Rezent hu mir en 30.000-Liter-Reewaassertank bei eisem neien Atelier zu Schweebech installéiert, an et ass och eng grouss Photovoltaikanlag fir den Atelier geplangt. Vun nächstem Joer u wäerte mir an alle Gemengegebaier e Monitoringsystem fir den Energie- a Waasserverbrauch installéieren.
Als Deel vun eiser nohalteger Strategie hu mir decidéiert, keng Gefierer mat Verbrennungsmotor méi ze kafen. Den éischte Schratt an dës Richtung ass kierzlech gemaach ginn: den techneschen Déngscht huet rezent en E-Transit kritt.

Elektrischer Lieferwagen der Gemeinde Saeul
Foto: Commune de Saeul

6.    Wéi gitt Dir vir fir Är Bierger ze motivéiere bei dësen Efforte matzemaachen?

All Joer organiséiere mir dräi Biergerversammlungen an eisen Dierfer, fir mat den Awunner eise Programm ze diskutéieren an erauszefannen, wat si sech wënschen.
Zousätzlech hu mir e ganz engagéiert Green Team an der Gemeng, an deem och eng Rei Bierger aktiv mat abegraff sinn. Dëst Team ass eis Stëmm no baussen an d'Ouer vun de Bierger. Am Kader vum Green Team ginn essentiel Themen am Beräich Natur- a Klimapakt diskutéiert.
Deemnächst wäerte mir och finanziell Primmen aféieren, fir d'Notzung vun erneierbaren Energien, energeetesch Sanéierungen an d'Installatioun vu Gréngdiecher ze fërderen.

7.    Wat méchs Du privat fir d’Klima ze schützen?

Ech si Lokführer bei der CFL a probéiere sou oft wéi méiglech de Zuch vu Miersch aus ze huelen, fir op meng Aarbecht ze fueren. Fir Versammlungen op der Gemeng huelen ech dacks mäi Vëlo vu mengem Doheem zu Schweebech.
Als naturverbonnene Mënsch versichen ech, nieft mengem Beruff a mengem politesche Mandat, esou vill Zäit wéi méiglech an der Natur ze verbréngen. 

8.    Verréits Du eis nach zum Schluss, wéi Deng Gemeng 2050 ausgesäit?

D'Gemeng Sëll wäert nach ëmmer hir Eegestännegkeet behalen. Am Beräich Energie wäerte mir komplett autark sinn, also genuch Energie selwer produzéieren, fir eis Besoinen ze decken. Sëll gëtt eng Gemeng vun de kuerze Weeër, wou d'Leit bequeem a sécher zu Fouss, mam Vëlo oder mam ëffentleche Verkéier alles erreeche kënnen. D'Veräinsliewe wäert floréieren, an d'Bierger wäerte sech aktiv an d'Gemeinschaft agebonne fillen. Eise liewegen Duerfkär zu Sëll wäert eng héich Openthaltsqualitéit bidden an en Treffpunkt fir all Awunner sinn.

Mir soen dem Tom villmools Merci fir dëst interessant Gespréich a wënschen him vill Freed an Erfolleg a senger Funktioun vum Klimaschäffen.

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Umwelt

Aktuelle Nachrichten