De Kanton Réiden Magazine
Fréijoers-Editioun 2026 vum Magazine De Kanton Réiden
18/03/2026
De Syndikat Kanton Réiden feiert säi 35. Anniversaire – e Symbol fir eng Erfollegsgeschicht, déi vun Zesummenhalt, Innovatioun an nohalteger regionaler Entwécklung gepräägt ass. Zënter senger Grënnung am Joer 1990 ass aus enger visionärer Iddi eng effizient interkommunal Struktur entstanen, déi haut néng Gemenge mat méi wéi 21.000 an Awunner verbënnt.
Am Laf vun dräi Joerzéngten huet sech de Syndikat zu engem richtegen Déngschtleeschtungszentrum fir de ganze Kanton entwéckelt. Haut ass en a ville Beräicher aktiv – vun Ëmwelt an Energie iwwer Mobilitéit bis Kannerbetreiung, Sport, Tourismus, sozialen Zesummenhalt a Kommunikatioun. Mat 52 Mataarbechter an néng spezialiséierte Servicer ënnerstëtzt de Syndikat d’Gemengen an hir Bierger am Alldag – no dem Prinzip vun der Subsidiaritéit: hëllefen do, wou eenzel Gemengen un hir Grenze stoussen.
Thierry Lagoda, President vum Syndikat a Buergermeeschter vu Biekerech:
„D’Stäerkt vum Kanton Réiden läit an der Zesummenaarbecht. Zënter 35 Joer weisen eis Gemengen, datt ee gemeinsam méi beweege kann. Dat ass dat Band, dat de Wëlle Westen zesummenhält.“
Wéi d’Syndikat de 6. Mäerz 1990 gegrënnt gouf, war dat eng neiaarteg Iddi am Land: kleng, ländlech Gemengen dinn sech zesummen, fir gemeinsam Infrastrukturen a Servicer ze schafen.
Déi éischt Projeten haten e prakteschen a konkret Notzen: d’Industriezonen zu Réiden an zu Kietscht, d’Crèche A Butzen zu Räichel oder de Bau vum Altersheem zu Réiden. Schrëtt fir Schrëtt koumen nei Aktivitéiten derbäi: Energieberodung, Klima- a Mobilitéitsprojeten, Sportaktivitéite fir Kanner, d’Agence Immobilière Sociale (AIS) oder de Pakt vum Zesummeliewen.
Dës kontinuéierlech Entwécklung huet de Syndikat zu engem landeswäit unerkannte Modell fir interkommunal Zesummenaarbecht gemaach.
Léon Gloden, Inneminister:
„De Kanton Réiden ass e Virbild dofir, wéi eng Regioun duerch Vertrauen a Kooperatioun eng ländlech Dynamik entwéckele kann.“
Nohaltegkeet an Innovatioun am Mëttelpunkt
De Syndikat setzt haut seng Prioritéiten op déi grouss Erausfuerderunge vun der Zukunft:
D’Vision territoriale 2035/2050 definéiert d’Richtlinne fir eng nohalteg Entwécklung vun der ganzer Regioun – mat engem klore Fokus op Liewensqualitéit, Naturraim a Solidaritéit.
D’Feier vum 35. Anniversaire de 24. Oktober 2025 am Atert Lycée Réiden huet politesch, administrativ a lokal Acteuren zesummebruecht – dorënner déi véier Ministere Léon Gloden, Martine Hansen, Claude Meisch an Eric Thill, Deputéiert aus dem Norden, aktuell Buergermeeschteren a Syndikatsvertrieder, fréier Syndikatsmemberen, Gemengeréit a Mataarbechter aus de néng Membergemengen, souwéi Partnerorganisatiounen a Vertrieder vun de kantonalen Déngschter.
Nieft engem kuerze Réckbléck an e puer Diskussiounsronne mat véier Grënnungsmemberen, aktuelle Buergermeeschter, de véier Ministeren an och Schüler vum Atert Lycée Réiden stoung virun allem de Bléck an d’Zukunft am Mëttelpunkt:
Wéi kann d’Zesummenaarbecht tëscht de Gemengen nach verstäerkt ginn? Wéi behält de Kanton Réiden eng Virreiderroll am ländleche Raum?
D’Feier ass mat engem symbolesche Fotomoment an engem Gebuertsdagskuch, gefollegt vun engem Apéro an engem gesellegen Austausch op en Enn gaangen.
Zënter 35 Joer beweist de Syndikat Kanton Réiden, datt Zesummenaarbecht de Schlëssel fir Entwécklung ass. Vum Pionéiergeescht vun e puer Buergermeeschteren am Joer 1990 bis haut – wou de Syndikat eng professionell, modern an nohalteg Struktur mat déif regionale Wuerzelen ass – bleift seng Missioun onverännert:
Fir d’Mënschen. Fir d’Regioun. Fir d’Zukunft.
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
26/02/2026
Repair Café Kanton Réiden
20/02/2026
Kanton Réiden Administration
06/02/2026
Leader Wëlle Westen
03/02/2026
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026