Kanton Réiden Environnement
Nei Subsiden & Optioun vum Virfinanzement fir Photovoltaik-Anlagen a Batterien
04/03/2026
Ech si Klimaschäffen ginn, well ech scho virun dëser Legislaturperiod enk mat mengem Virgänger zesummegeschafft hunn an déi wichtegst Dossiere vum Klimapakt gutt kannt hunn. Esou konnt ech eng gewësse Kontinuitéit garantéieren. Perséinlech hunn ech och eng grouss Freed, e klenge Bausteen zum Wuel vun eisem Klima bäizedroen a mat konkrete Moossnamen eppes Positives an eiser Gemeng ze bewierken.
Am alen Deel vun eisem Schoulgebai hu mir d’Energieeffizienz verbessert, andeems de kompletten Daach isoléiert gouf. Dëst Joer hu mir praktesch eist Zil erreecht, d’Gemenge-strossebeliichtung do, wou et méiglech war, op dimmbar LED ëmzerëschten.
Zousätzlech hu mir d’Elektromobilitéit mam Kaf vun enger neier E-Camionnette gefërdert, vill Blummewisen, Hecken a Beem geplanzt. Mäin Naturschäffen huet dobäi enk mat mir zesummegeschafft, fir dës Ziler ëmzesetzen. Mir hunn och Subventiounen agefouert fir Photovoltaikanlagen, Reewaasserbehälter, energeetesch Renovatiounen an erneierbar Energien.
Am neie Bautereglement ass virgesinn, versigelt Flächen a Steegäert ze limitéieren. Bei all Neibau gëtt et d’Verpflichtung, eng Reewaasseranlag fir d’Toiletten z‘installéieren. Mir wëllen och de Schoulhaff begringen a vill Plazen an der Gemeng esou gestalten, dass se méi Liewensqualitéit fir Kanner a Bierger bidden. Zousätzlech hu mir eng Starkreenetude um lafen, fir punktuell Verbesserungen ze plangen an ëmzesetzen.
Mir plangen och, eis Schoul ze erweideren. Do soll de volle Programm kommen: Wärmepompel, Photovoltaik, Reewaasseranlag...
Do si mir ganz gutt ënnerwee. Mir hu massiv a Photovoltaikanlagen op eise Gebaier investéiert: um neien Difference-Gebai, op eiser Hal an op der Morgue. Am Schäfferot hu mir decidéiert, all eis Masuttsheizungen an den nächste Joren duerch nohalteg Technologien ze ersetzen. Aktuell leeft eng Etude fir eng nei Pelletheizung, un déi d’Kierch, d’Gemeng an de Pompjeesbau sollen ugeschloss ginn. Am Difference-Gebai an am Mischhaus funktionéiert schonn e klenge Pellet-Wärmenetz.
Mir hunn nei Trëppelweeër ugeluecht an ugefaangen, all eis Zebrastreifen an d’Bushaltestellen PMR (personnes à mobilité réduite) konform ze gestalten.
Mir hu Primmen agefouert, fir d’Leit z’encouragéieren an erneierbar Energien z’investéieren. Viru puer Méint hate mir eng Biergerversammlung zu dësem Thema. Mir wäerten och weider informéieren, wéi jidderee mat einfache Moossname Waasser a Stroum—an domadder och Suen—spuere kann.
Ech hu mir, wéi vill aner Bierger, eng Photovoltaikanlag installéiert a plangen, mäi Boiler duerch eng Brauchwaasser-Wärmepompel ze ersetzen.
Dat ass schwéier virauszesoen, well d’Welt an d’Technologien sech rasant entwéckelen. Mä ech mengen, dass meng Gemeng an Zukunft mat enger oder méi Nopeschgemenge fusionéiert wäert sinn a vill méi Servicer am Klimaschutz ubidde kann. Vläicht kënne mir bis dohinner praktesch stroumautark funktionéieren.
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Klima-Agence
27/02/2026
Maison de l'Eau
23/02/2026
Trinkwasser
17/02/2026
Wandpark Kanton Réiden
27/01/2026
Kanton Réiden Environnement
26/01/2026
De Kanton Réiden Magazine
18/03/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Vision territoriale
03/03/2026
Kanton Réiden Economie
27/02/2026
Kultur-Agenda
27/02/2026
Klima-Agence
27/02/2026