Wéi fannt Dir de Magazine „De Kanton Réiden“?
18/06/2026
Mir stellen Iech d’Marie-Claude Koders (74 Joer), vun Nojem vir. Si ass vun Ufank u mat vollem Asaz dobäi a begréisst d‘Visiteure mat engem häerzleche Laachen an der Entrée vum Repair Café.
Ech fannen d’Iddi genial. Un all Saach hu vill Leit geschafft, dat verdéngt Respekt an net alles ass fir direkt op den Tipp. Net zulescht wéinst menger Mamm, déi hiert Streckeise selwer gefléckt huet, Si huet och tapezéiert, ugestrach, Gezei fir Noperen ugepasst, et gouf kaum eppes, wat si net konnt. Leider sinn ech net esou talentéiert.
An der Rezeptioun begéinen ech eis “Patienten” an hir Proprietairen a maachen si mat de Reegele vertraut. Mir fëllen eng Fiche fir d’Statistik aus. Et ka sinn, dass net direkt e Repairer fräi ass an d’Proprietäre kënnen derweil Kaffi a Kuch genéissen. Jiddereen dierf beim Flécken nokucken a gären och eng Hand mat upaken. Heiansdo wéilt een doheem eppes selwer flécken, mee weess net wou ufänken – dat léiert een hei.
Aktiv sinn ech, ënner anerem, als Vertriederin an der Chambre des Fonctionnaires et Employés publics, Presidentin vum FGFC-Grupp pensionéierte Gemengepersonal, Tresorière an engem korporative Fussballsclub, Vizepresidentin an enger Stierfkees, Secretaire vum Kulturveräin BIZ a Member am CA vun Terre des Hommes. Heiansdo bleift nach Plaz fir Famill a Frënn, ze turnen a spadséieren, am Gaart ze schaffen, un enger Familljechronik ze schreiwen, a ganz rar Kurztrips.
Mir si ganz dankbar, dass d’Marie-Claude d’Rezeptioun mat vill Freed leet a mir soen hir villmools Merci fir hiren onermiddlechen Asaz an hir positiv Energie.
Kommt gär laanscht op eisen nächste Repair Café a léiert d’Marie-Claude perséinlech kennen – mir freeën eis op äre Besuch!
18/06/2026
Leader Wëlle Westen
29/05/2026
Kanton Réiden Tourisme
22/05/2026
Repair Café Kanton Réiden
22/05/2026
Kanton Réiden Tourisme
29/04/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/04/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026