Pacte climat
Klimapakt-Dag 2026: Véier Gemengen aus dem Kanton Réiden ausgezeechent
27/05/2026
All dës Froe gëtt eisen Energieberoder ëmmer rëm gestallt, besonnesch wann de Waasserpräis erop geet. Mir versichen hei op déi heefegst vun de Froen anzegoen.
Et ass ee - meeschtens ënnerierdesche - Behälter, deen d’Reewaasser sammelt fir et ze späicheren. D’Reewaasser gëtt vum Daach an dëse Behälter geleet. D’Reewaasser kann da fir verschidden Zwecker benotzt ginn: fir d’Bewässerung vum Gaart, d’Toilettespülung oder d’Wäschmaschinn. Et kann awer net als Drénkwaasser genotzt ginn, wëll et ongefiltert net propper genuch ass.
Neen, zu Lëtzebuerg bezuelt Dir näischt fir d’Aleedung vu Reewaasser an déi ëffentlech Kanalisatioun. D’Ofwaasser-Käschte baséieren nämlech nëmmen op dem gemoossenen Drénkwaasserverbrauch.
Mat enger Reewaasser-Anlag spuert Dir zousätzlech Ofwaasser-Käschten, well Dir jo manner Drénkwaasser verbraucht.
Jo, et wier am Prinzip méiglech, mee natierlech méi opwänneg wéi am Neibau. Loosst d‘Machbarkeet vun engem Fachbetrib préiwen. Et brauch nämlech zwee verschidde Leitungssystemer (Drénkwaasser & Reewaasser), déi zB un Är Toilette oder Wäschmaschinn ugeschloss ginn. Dir braucht och Plaz am Haus fir déi néideg technesch Installatiounen.
Jo, wann Dir d‘Conditioune vum Staat erfëllt, kënnt Dir eng finanziell Hëllef vu 25% vun de Käschte kréien, mat engem Plaffong vun 1.000€.
Méi Informatiounen an déi genau Conditioune fannt Dir um Site vum guichet.lu
Jo, all d’Gemengen aus eisem Kanton ginn nach kommunal Subsiden, déi jee no Gemeng tëscht 100% an 150% vun der Staat-Subventioun leien.
D’Aspuerunge goufen unhand vun Duerchschnëttswäerter pro Persoun a Joer berechent: 6-7l/Toilettegang (5x am Dag) an 2-3 Wäsche pro Woch à 50l. De Präis fir Drénk- an Ofwaasser zu Lëtzebuerg läit bei 5€/m3.
Zum einfachen Entretien, dee vun de Besëtzer selwer ka gemaach ginn, zielen:
Aner méi komplex Aarbechte sinn:
D’Gesamtkäschte fir eng Reewaasser-Anlag leien zu Lëtzebuerg beim Neibau ënner 10.000€, bei engem besteeënden Haus ënner 20.000€, ofhängeg vum Ëmfang an Opwand
Och e Reewaassertank, deen net u d’Haus ugeschloss ass, bréngt scho vill. Dat gesammelt Waasser eegent sech ideal fir de Gaart ze nätzen, den Auto ze wäschen oder fir den Hochdruckreiniger. Schonn ee 500-1000 Liter-Tank mécht eppes aus a spuert wäertvollt Drénkwaasser – ouni groussen Opwand.
Kanton Réiden Service Environnement – Conseil en Energie
43, Grand-Rue
L-8510 Redange
+ 352 28 33 44
environnement@kanton-reiden.lu
Pacte climat
27/05/2026
Natur & Ëmwelt
26/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
22/05/2026
Maison de l'Eau
21/05/2026
Wandpark Kanton Réiden
29/04/2026
Kanton Réiden Environnement
04/03/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026