Fanny Ngan

Vum Kamerun op Biekerech: En Engagement, dat Mënschen zesummebréngt

Veröffentlicht: 26/11/2026 - 10:00
Aktualisiert: 27/11/2026 - 09:07
5 Minuten
Foto: Les enfants du Monde Asbl

Zënter 2018 wunnt d'Fanny Ngan zu Biekerech. Si ass d'Grënnerin vun der Associatioun „Les enfants du Monde“. Vum Kamerun bis op Lëtzebuerg setzt si sech mat vill Engagement fir benodeelegt Kanner, Solidaritéit an d'Zesummeliewen an. Mir hunn eis mat hir iwwert hiert Engagement ënnerhalen.  

Fanny, kënnt Dir Iech kuerz virstellen?

Ech sinn d'Fanny Ngan, kommen ursprénglech aus dem Kamerun a wunnen zënter 2018 zu Lëtzebuerg. No mengem Studium op der Uni hunn ech zwielef Joer fir eng multinational Pharmaentreprise an Italie geschafft. Zënter 2020 schaffen ech am Telekommunikatiounssecteur zu Lëtzebuerg. Ech si Mamm vu véier Kanner a Grënnerin vun der Asbl „Les enfants du Monde“.

Foto: Les enfants du Monde Asbl

Wat verbënnt Iech mat eiser Regioun?

Meng Famill an ech wunnen zënter 2018 zu Biekerech. Ech schätze besonnesch d'Natur, de ländleche Kader an d'Natierlechkeet vun dëser Regioun. Mat eiser Associatioun bedeelege mir eis un interkulturellen Initiativen an Aktivitéiten, déi d'Zesummeliewe fërderen. Esou wëlle mir eise Bäitrag zum Liewen an eiser Gemeng leeschten an d'Awunner besser kenneléieren.

Wouhier kënnt Äre Wonsch, Iech fir aner Mënschen a besonnesch fir Kanner anzesetzen?

Ech äntweren Iech mat enger Geschicht. Et ass d'Geschicht vun engem fënnef Joer ale Meedchen, dat seng Mamm begleet, fir de Bopi Zacharie ze besichen. Hie war en eelere Mann, deem béid Been amputéiert gi waren an deen an enger klenger Leemhütt zu Ebolowa am Kamerun gelieft huet.
D'Meedche war esou beandrockt vu sengem Ausgesinn, datt et sech hannert dem Rack vu senger Mamm verstoppt huet. Seng Mamm dogéint war frou, beim Bopi ze sinn. Si hat Iessen a propper Kleeder matbruecht an huet deem Mann op eng ganz natierlech Manéier Häerzlechkeet an Zouneigung gewisen. Am Nomëtteg hu si duerno nach d'Bewunner vun engem Zentrum fir Mënsche mat Lepra besicht.

Dat klengt Meedchen, dat war ech.

Ech sinn an enger Famill grouss ginn, an där Solidaritéit eng Selbstverständlechkeet war. Dës Erfarung huet meng Aart a Weis, wéi ech aner Mënsche gesinn, déif gepräägt. Besonnesch d'Kanner leie mir um Häerz, well si sech weeder d'Ëmstänn, an déi si gebuer ginn, nach d'Schwieregkeeten, mat deene si konfrontéiert sinn, eraussiche kënnen.
Ech gleewen drun, datt e Kand, dat ënnerstëtzt, eescht geholl an encouragéiert gëtt, säi Potenzial entfale kann. Mir behaapten net, datt mir d'Welt rette kënnen, mee mir kënnen eppes Konkretes bewierken. Wa mir haut ewechkucken, droe mir dozou bäi, eng Gesellschaft ze schafen, an där d'Gläichgültegkeet zur Normalitéit gëtt.

Foto: Les enfants du Monde Asbl

Wat fir Aktioune féiert Är Associatioun am Kamerun duerch?

Mir setzen eis fir d'Bildung, d'Gesondheet, d'Wuelbefannen an d'sozial Inclusioun vu benodeelegte Kanner an.
Als Partner vum kamerunesche Ministère fir Soziales ënnerstëtze mir d'Schoulbildung an d'Bibliothéiken am ländleche Raum. Mir organiséieren inklusiv Stagen a feieren de „Noël des petits oubliés“, bei deem mir de Kanner mat Spillsaachen aus zweeter Hand eng Freed maachen. Ronn 60 Kanner kréien eng psychologesch Betreiung. Donieft organiséiere mir Preventiounsaktioune fir Jugendlecher, besonnesch zum Theema fréi Schwangerschaften an zum zouhuelenden Zockerverbrauch bei benodeelegte Kanner.

Eise grousse Projet ass de Bau vun engem Accueil- an Entwécklungszentrum zu Ebolowa fir aarm Kanner a Kanner mat enger Behënnerung. Mir wëllen hinnen eng Plaz bidden, wou si an engem wierdegen a waarmhäerzegen Ëmfeld grouss ginn, léieren an hir Fäegkeete weiderentwéckele kënnen. Den Terrain an d'Pläng si prett. Elo siche mir Partner, déi eis hëllefen, dëse Projet ze realiséieren.

A wat maacht Dir zu Lëtzebuerg?

Zu Lëtzebuerg dréinen eis Aktivitéite sech virun allem ëm dat interkulturellt Zesummeliewen. Zesumme mam SIDEC a SIVEC organiséiere mir d'„Free Troc Party“, Deeg, op deenen d'Leit Saache gratis weidergi kënnen. Esou wëlle mir eng méi nohalteg a solidaresch Wirtschaft fërderen.

Mir hunn och d'„Fête des voisins élargie“ an d'Liewe geruff. Dës erméiglecht et de Leit, zesumme mat aneren en Nopeschfest ze feieren, besonnesch wann an hirem eegenen Duerf kee Fest organiséiert gëtt. Donieft organiséiere mir en intergenerationelle Kaffiskränzchen, bei deem Kanner a Senioren zesummekommen. Mir bedeelegen eis och u regionalen Evenementer.

Dëst Joer hu mir eisen neie Projet „Couleurs d'Afrique“ lancéiert. Et handelt sech ëm eng Moudeschau, déi op verschiddene Plaze stattfënnt an déi afrikanesch Kultur souwéi d'Wiederverwäertung vu Stoffer an de Mëttelpunkt stellt. Gläichzäiteg wëlle mir d'Kanner fir d'Theema Diskriminéierung sensibiliséieren. De Projet gouf ënner anerem an de Maisons relais vu Réiden a Biekerech organiséiert, mat finanzieller Ënnerstëtzung vu LEADER Wëlle Westen an dem Sponsoring vum Pall Center.

Foto: Les enfants du Monde Asbl

Gëtt et eng Begéinung oder eng Geschicht, déi Iech besonnesch beréiert huet?

Ech denken do un d'Marie, en zéng Joer aalt Meedchen, dat daf war an net schwätze konnt. Et war nach ni an d'Schoul gaangen. Mir hunn him seng éischt Schouljoren an enger spezialiséierter Schoul zu Yaoundé finanzéiert.

Duerch d'Schoul huet d'Marie seng Famill erëmfonnt, déi et e puer Joer virdrun op engem Maart verluer hat. Nodeems et bei seng Elteren zeréckkomm war, hu mir de Kontakt zu him verluer.

Mee wéi dat neit Schouljoer ugefaangen huet, stoung d'Marie op eemol nees vu sech aus virun der Dier vu senger spezialiséierter Schoul, déi méi wéi 20 Kilometer vu sengem Doheem ewech ass. Hatt hat gesinn, wéi déi aner Kanner erëm an d'Schoul gaange sinn, a wollt onbedéngt och weiderléieren. Mir hunn dofir decidéiert, seng Schoulbildung weider ze finanzéieren, well seng Elteren net déi néideg finanziell Mëttelen haten.

Seng Entschlossenheet huet mech déif beréiert. Se huet mir nach eng Kéier gewisen, wéi grouss de Wëssensdrang bei engem Kand ka sinn, wann een him d'Méiglechkeet gëtt ze léieren.

Foto: Les enfants du Monde Asbl

Wat sinn haut déi gréisst Besoinen an Erausfuerderunge vun Ärer Associatioun?

Eis gréisst Erausfuerderung ass et, reegelméisseg finanziell Mëttelen ze kréien, fir d'Kontinuitéit vun eise Projeten ze garantéieren. D'Kanner brauchen dat ganzt Joer iwwer Ënnerstëtzung. Och fir eisen neien Accueilzentrum zu Ebolowa si mir op Partner ugewisen, déi bereet sinn, sech laangfristeg mat eis ze engagéieren. 

Mir sichen och Fräiwëlleger a Leit, déi hir Kompetenzen abréngen, fir eis Aktivitéiten am Kamerun an zu Lëtzebuerg weiderzeentwéckelen. Jidderee kann op seng Aart a Weis hëllefen: mat engem Don, mat Zäit, mat sengem Wëssen oder einfach doduerch, datt en eis Initiativen anere Leit méi no bréngt. 

Eist Zil ass et net, ëmmer méi ze maachen, mee eis laangfristeg, seriö an transparent ze engagéieren, fir de Kanner ze hëllefen, zu selbststännegen a verantwortungsbewossten Erwuessenen erunzewuessen.

Solidaritéit fänkt bei jidderengem vun eis un. Merci, datt Dir zesumme mat eis hëlleft, d'Welt e Stéck besser ze maachen!

Kontakt:

Les enfants du monde asbl
Fanny Ngan Membre Fondatrice 
Tel. 00352 621733916 
N° RCS : F13637
lesenfantsdumondeasbl@gmail.com
www.lesenfantsdumondeasbl.com
FB: Les enfants du monde asbl 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Kultur

Aktuelle Nachrichten