Gemeng Groussbus-Wal

Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus

Veröffentlicht: 25/09/2026 - 17:35
Aktualisiert: 25/09/2026 - 17:39
2 Minuten
Foto: Charline Lebrun

Déi offiziell Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart huet den 18. September 2026 a Präsenz vum Educatiounsminister Claude Meisch an Inneminister Léon Gloden zu Groussbus stattfonnt. Zesumme mat de Vertrieder vun der Gemeng, de Schoulresponsabelen an de Gäscht konnte si sech bei dëser Geleeënheet en Androck vun den neien a moderniséierte Raimlechkeete maachen.

Déi éischt Pläng goufen 2022 virgestallt. Den urspréngleche Projet hat virgesinn, de bestoende Schoulkomplex zu Groussbus ze renovéieren an een neie Fligel ze bauen, do wou sech haut den aktuelle Busarrêt fir d’Schoulkanner befënnt. Mam Kaf vun enger ronn 23 Ar grousser Parzell, déi direkt un de Schoulkomplex grenzt, huet sech awer eng nei Situatioun erginn, soudatt de Projet nei iwwerluecht ginn ass.

Foto: JP Tholl

De 15. Juli 2024 gouf d’Extensioun vum Campus Schlassgaart gestëmmt. Doropshin ass de Biergerzenter, deen an deem ale Gemengenhaus vun der fréierer Gemeng Groussbus ënnerbruecht war, an d’Weihersäift zu Groussbus geplënnert. Duerch d’Renovatioun an den Ëmbau vum fréieren administrativen Deel konnten am bestoende Gebai véier nei Klassesäll an zwee weider Säll am neien Ubau geschaf ginn.

D’Bauaarbechten hunn am Februar 2025 ugefaangen. Trotz dem ambitiéisen Zäitplang waren déi nei Raimlechkeete matzäit fir d’Rentrée 2025 prett. Esou konnten de 15. September 2025 insgesamt 116 zousätzlech Schülerinnen a Schüler um Campus Schlassgaart zu Groussbus opgeholl ginn.

No der offizieller Zeremonie mat uschléissender Porte-Ouverte ass den Owend bei engem Patt an engem Maufel am Prommenhaff gemittlech op en Enn gaang.

Foto: JP Tholl
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten