Gemeng Useldeng
209. Promesse solennelle vun der Lëtzebuerger Arméi
17/08/2026
Den 3. Juli sinn um Helpersbierg 11 Eefamilljenhaiser an ee Logement intégré, dovunner 6 Haiser, fir de Verkaf a 6 Logementer fir d’Locatioun a Presenz vum Här Minister Claude Meisch ageweit ginn.
De Wee bis heihinner war laang. Schonn 2012 huet d’Gemeng Useldeng dësen Terrain vun der Famill Parries kaf an 2013 un de Fonds du Logement weiderginn. 2015 gouf den Terrain beim Vott vum neie PAG aus der Zone verte a Bauland ëmklasséiert. 2020 gouf de PAP geneemegt, an de 17. Mäerz 2023 gouf d’Baugeneemegung fir d’Haiser ausgestallt.
Zanter Jore setzt sech d'Gemeng Useldeng konsequent dofir an, bezuelbare Wunnraum ze schafen an dësen och op laang Siicht ze erhalen. Zu de wichtegste Projeten aus de leschte Jore gehéieren ënner anerem d'Maison Faber, d'Haiser an der rue de l'Église, d'Al Post, de Foyer an der rue de Boevange souwéi déi kommunal Wunnengen um Trëmel an um Pallerwee.
Bis Enn 2026 kënnt d’Gemeng Useldeng domat op 39 bezuelbar Logementer, dovunner 10 Haiser am Verkaf an 29 Logementer an der Locatioun.
Dobäi kënnt och nach de Beräich vun den encadréierte Wunnstrukturen: den CHNP Foyer Atert - De Park, an de Foyer Haus beim Schlass, zesumme mat 40 Zëmmeren.
Dat bedeit: Bezuelbar an encadréiert Logementer hunn zesummen e Potenzial vu bis zu 235 Residenten, dat ass ongeféier 1 Awunner op 5 an der Uertschaft Useldeng an 1 Awunner op 10 an der ganzer Gemeng.
Dës Entwécklung ënnersträicht den Engagement vun der Gemeng Useldeng fir eng nohalteg a sozial Wunnengspolitik. Si weist och, wéi vill ka realiséiert ginn, wann d'Gemeng, de Fonds du Logement an de Ministère enk zesummeschaffen an e gemeinsaamt Zil verfollegen.
D’Gemeng Useldeng wäert weider dru schaffen, datt Wunnen, Liewen a sozial Verantwortung hei bei eis grouss geschriwwe ginn.
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Gemeng Réiden
18/06/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
Sport
18/08/2026
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Vëlosummer 2026
17/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026