Gemeng Rammerich

Wat leeft an eise Gemengen?

Veröffentlicht: 29/09/2026 - 11:03
Aktualisiert: 29/09/2026 - 11:42
7 Minuten
Foto: Architectes LAMMAR

Fir dës Editioun ware mir an der gréisster Gemeng aus eisem Kanton op Besuch. D'Gemeng Rammerich zielt ronn 5.100 Awunner, verdeelt op 13 Uertschaften. Mat der Buergermeeschtesch Myriam Binck hu mir iwwer d'Prioritéite vun der Gemeng, déi grouss Projeten an hir Visioun fir d'Zukunft geschwat.

Wat sinn Är gréisste Prioritéite fir dës Legislaturperiod?

Eist Zil ass et, d'Gemeng no vir ze bréngen an dobäi kee vun eisen Dierfer ze vergiessen. Mir hunn all Uertschaft genee analyséiert a gekuckt, wat am meeschte feelt: Spillplazen, ëffentlech Toiletten, modern Infrastrukturen, attraktiv Duerfkären oder Treffpunkte fir d'Jugend. Elo versiche mir Schrëtt fir Schrëtt, mat de Mëttelen, déi eis zur Verfügung stinn, dës Besoinen ëmzesetzen. Natierlech géif ech mir heiansdo wënschen, datt verschidde Projeten nach méi séier virukommen.

Foto: Architectes LAMMAR

Sport, Jugend a Beweegung leien Iech besonnesch um Häerz. Firwat?

Mir wëllen, datt eis Dierfer modern Spillplaz hunn an all gréisser Uertschaft e Multisportsterrain. Jonk Leit brauchen eng Plaz, wou si sech kënne begéinen an aktiv sinn.

Eise gréisste Projet ass awer déi nei Sportshal mat dräi Spillfelder, déi ab September gebaut gëtt an 2028 fäerdeg soll sinn. Nieft dem Schoulsport an de Veräiner wäert och e Fitness integréiert ginn, deen allen Awunner – och ausserhalb vun der Gemeng – opsteet. Mir wëllen domat och deene Leit eppes ubidden, déi net an engem Veräin aktiv sinn. 

Ech maachen och gären en Opruff un all Sportsveräiner. Mir sichen nei Sportaarten, déi et nach net an eiser Gemeng gëtt. Wien eng Plaz sicht, kann sech gäre bei eis mellen. 

Foto: Commune de Rambrouch

Och d'Mobilitéit ass ee wichtegt Thema.

Jo, de Moment schaffe mir intensiv u besseren Ubannunge vun eisen Dierfer un d'Vëlospisten. Tëscht Kietscht an dem Riesenhaff hu mir endlech an Zesummenaarbecht mat Ponts et Chaussées eng separat ofgeséchert Vëlospist realiséiert krut. Weider Projete sinn an der Planungs- respektiv Geneemegungsphas, wéi z.B. d'Verbindung iwwer déi al Jhangelisbunn tëscht Rammerich a Kietscht an eng separat Vëlospist nieft der Baach tëscht Uewermaartel an der Roumicht.

Op eise Gemengestroosse bannent den Dierfer wäerte mir flächendeckend 20er- an 30er-Zone aféieren. An enger zweeter Etapp analyséiere mir zesumme mat Ponts et Chaussées déi kritesch Kräizungen, fir se méI sécher ze gestalten. 

Foto: Commune de Rambrouch

Wéi gëtt d'Liewensqualitéit an den Dierfer konkret verbessert?

Mir wëllen an all Duerf Plaze schafen, wou d'Leit sech gären ophalen a begéinen: mat Bänken, Drénkwaasser, ëffentlechen Toiletten a schéin amenagéierten Duerfkären.

Zu Hueschtert hu mir d'Kierch opgemaach fir weider Funktiounen: si gëtt elo och als oppen Téistuff, Begéinungsraum a kulturell Veranstaltungsplaz genotzt. De Moment schaffe mir nach un den Alentouren vun dëser Kierch, wou eng Pétanquepist, e klengen Amphitheater an eng Outdoor-Ausstellung entstinn.

Zu Kietscht hu mir e Pumptrack gebaut – e Parcours mat Wellen a Kéieren, wou Kanner op eng sécher a spilleresch Aart Vëlo oder Trottinett fuere léieren, an deen zugläich behënnertegerecht ass. Dëse Projet ass entstanen, well eist Léierpersonal eis drop higewisen huet, datt ëmmer méi Kanner Problemer hunn, fir um Vëlo d’Gläichgewiicht ze halen.

Och eis Wanderweeër huet den ORT Eislek komplett iwwerschafft an nei beschëldert. Mat der "Éischter Bëschrou" ass zousätzlech en neie Familljen-Themewanderwee entstanen, deen de Bësch mat alle Sënner erliewe léisst. Verschidde Wanderweeër hu mir sécherheetstechnesch ausgebessert, wéi z.B. den Accès fir bei d’Mausen-Grott oder d’Bréck fir bei d’Schurelserschlass. 

Wéi wichteg ass Iech d’Veräinsliewen?

Et ass mir immens wichteg. Eis ronn 75 Veräiner droen entscheedend zum Zesummenhalt an zum Liewen an eisen Dierfer bäi. Als Gemeng ënnerstëtze mir sinn do, wou mir kënnen, a mir probéieren och d'Zesummenaarbecht tëscht de Veräiner weider auszebauen.

Mir investéieren dofir och an nei Raimlechkeete fir eis Veräiner. D'Scouten "Rammericher Fräschen" kréien en neien Ënnerdaach zu Bungeref an och aner Veräiner konnten an de leschte Joren nei oder moderniséiert Infrastrukturen notzen. 

Foto: Camping Héiltzerstee

Nieft Infrastruktur investéiert Dir och an d'Nohaltegkeet.

Dat ass richteg. Mir hunn eis zum Zil gesat, no an no all eis Masuttsheizungen duerch klimafrëndlech Heizsystemer op Basis vun erneierbaren Energien ze ersetzen. Um Schoulsite zu Kietscht plange mir eng Alternativ zur Masuttsheizung a sinn am gaangen d’Technik an de Gebaier energeetsch konform ze maachen. Eng Pist, déi mir analyséieren, ass eng CO-Wärmepompel. Zousätzlech si mir am gaangen d'Beliichtung vun all eise Gemengestroossen an de véier Fussballsterrainen op LED ëmzerüsten. 

Och eis Bierger ënnerstëtze mir aktiv beim Ëmstieg op erneierbar Energien, ënner anerem mat Subsidë fir Photovoltaikanlagen. Ausserdeem wäerte mir an Zukunft och eis finanziell Ënnerstëtzung fir Reewaasseranlagen erhéijen.
Am Kader vum Wandpark Kanton Réiden kommen dräi Anlagen op den Territoire vun eiser Gemeng a mir hunn eis als Gemeng finanziell dru bedeelegt.

Wéi wëllt Dir no bei de Bierger bleiwen?

Fir mech ass d'Gemeng virun allem e Biergerhaus. Ech wënschen, datt jidderee sech traut, mat senge Froen, Uleies oder Problemer op eis duerzekommen. Mir hëllefen eis Bierger gär bei administrativen Demarchen, wéi zum Beispill der Allocation de vie chère, a bidde bei Noperschaftskonflikter och e Mediatiounsservice un.

Zanter enger Zäit organiséieren ech all zwou Wochen en oppent Ouer op der Gemeng, wou Bierger a Veräiner op Rendez-vous kënne laanschtkommen. De perséinlechen Dialog ass mir ganz wichteg.

Wéi wichteg sinn Iech déi lokal Betriber?

Mir wëllen als Gemeng nei Betriber unzéien an déi bestoend aktiv ënnerstëtzen. Dofir si mir Member am Guichet Unique Eislek, wou souwuel Grënner wéi och etabléiert Betriber bei administrativen Demarchen Hëllef kréien. Ausserdeem organiséiere mir reegelméisseg Meet & Greet Days bei eise Betriber. Esou komme mir mat den Entrepreneuren an den direkten Austausch a kënnen de Bols bei hinne spieren.

Foto: Visit Eisléck

Kultur an Traditioune gehéieren och zu der Identitéit vun Ärer Gemeng. Wéi wichteg ass Iech dat?

Kultur ass e wichtege Bestanddeel vun eiser Gemeng. Mir sti voll hannert der UNESCO-Kandidatur vum Musée de l'Ardoise a freeën eis iwwer déi immens positiv Entwécklung vum Musée. Och den 385th Bomb Group Museum zu Pärel mécht zënter Jorzéngten eng bewonnerenswäert Aarbecht, fir d'Erënnerung un den dramatesche Crash zu Pärel ze erhalen. 

Gläichzäiteg ass et eis wichteg, eis Traditiounen ze erhalen. D'Kiermes huet an eisen Dierfer nach ëmmer e ganz héije Stellewäert. All Uertschaft feiert op hir Aart. Genee dës Traditioune stäerken d'Zesummeliewen an d'Identitéit vun eisen Dierfer.

Wat mécht d'Gemeng Rammerich fir Iech besonnesch?

All eis Dierfer hunn hiren eegene Charakter an hir eege Geschicht. Dëst ass vläit nach bedéngt dass mir eng Fusiounsgemeng vu 4 Gemengen sinn. Dëst mécht d’Zesummenaarbecht mat de verschiddenen Dierfer ganz ofwiesslungsräich.

Mir sinn eng ländlech Gemeng, an ech wënschen, datt eis schéin Natur, eis Bëscher an eis Landwirtschaft och an Zukunft eist Landschaftsbild an eis Identitéit prägen.

Gläichzäiteg wëlle mir an all Duerf e richtegt Doheem schafen, also eng Plaz, wou d'Leit sech begéinen, Kanner sécher spille kënnen, Veräiner d'Duerfliewe matgestalten an ee sech einfach wuel fillt. Mäi gréisste Wonsch ass, datt eis Bierger owes gär heemkommen, sech mat hirem Duerf identifizéieren a mat Houfert soen: „Hei sinn ech doheem.“ 
 

Foto: Commune de Rambrouch
Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Gemeinden

Aktuelle Nachrichten