Gemeng Useldeng
Neie bezuelbare Wunnraum zu Useldeng
18/08/2026
No enger intensiver Basisausbildung hu 56 Rekrutte mat Erfolleg hiren Ofschloss gepackt a goufen am Kader vun enger feierlecher Zeremonie den 28. Juli op der Useldenger Buerg offiziell als Zaldote vereedegt.
Et haten sech vill Familljememberen, Frënn an Éieregäscht versammelt, fir dëse besonnesche Moment mat den neien Zaldoten ze erliewen. D'Atmosphär war gläichzäiteg feierlech an emotional, an de Stolz bei de Familljen an de Frënn war däitlech ze spieren.
Déi 56 Rekrutte sinn am Cortège an den Haff erakomm a nodeems de Lëtzebuerger Fändel vun der Madame Ministesch Yuriko Backes begréisst gouf, huet den offiziellen Deel ugefaangen. Mam Ofleeë vun der Promesse hunn d'Rekrutten sech dozou engagéiert, der Lëtzebuerger Arméi an eisem Land mat Verantwortung an Asaz ze déngen.
Bei der Zeremonie waren ënner anerem d'Verdeedegungsministesch Yuriko Backes, de Chef d'État-Major Steve Thull, de Commandant des Forces Alain Schoeben, de Buergermeeschter souwéi de Gemengerot vun Useldeng, d’Buergermeeschter aus dem Kanton Réiden a vill weider Vertrieder aus der Politik an der Arméi present.
Am Ganzen haten 90 Rekrutten d’ Basisausbildung ugefaang, a wéi schonn erwäänt hu 56 dovunner dës erfollegräich ofgeschloss, wat engem Taux vu ronn 62 % entsprécht. Laut dem Commandant des Forces Alain Schoeben läit dëst Resultat am Duerchschnëtt vun de leschte Promotiounen an ass e weidere Schrëtt um Wee fir d'Lëtzebuerger Arméi nohalteg ze stäerken.
No der offizieller Zeremonie huet d'Gemeng Useldeng all d'Invitéen op en Éierewäin agelueden. D'Familljen, d'Frënn an d'Éieregäscht konnten dëse wichtege Schrëtt am Liewe vun den neien Zaldoten zesumme feieren an den Nomëtteg am Centre Culturel ausklénge loossen.
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Gemeng Réiden
18/06/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Leader Wëlle Westen
18/08/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Sport
18/08/2026
Lokal Ekonomie
18/08/2026
Vëlosummer 2026
17/08/2026