Gemeng Groussbus-Wal
De Randschelter Pad ass nees op – a de Solar-Ravi waart zu Randschelt op Iech
30/06/2026
Vëlosummer am Wëlle Westen: 1&2 August 8&9 August
Och dëst Joer kënnt Dir am Kader vum Vëlosummer een herrleche Vëlostour duerch de ganze Kanton Réiden entdecken. De Parcours ass wärend zwee Weekender op: den 1. an 2. August souwéi den 8. an 9. August, all Kéier vun 8.00 bis 19.00 Auer.
Dëst Joer ginn et zwee offiziell Departen: P&R zu Schweebech an zu Réiden um Parking vum ALR. Dir kënnt natierlech och iwwerall um Circuit starten.
Verschidde Veräiner bidde Restauratioun um Parcours un:
Fir den Tour kënnt Dir een E-Bike bei der Tourist Info zu Useldeng lounen. Eng Reservatioun ass obligatoresch ënnert der Telefonsnummer 28 33 45.
De Parcours verleeft haaptsächlech iwwer Vëlospisten a Feldweeër. Dräi Stroosse si fir den Duerchgangsverkéier gespaart:
Natierlech bleift den Duerchgang fir Anrainer a Baueren erlaabt.
De Parcours ass a béid Richtungen ausgeschëldert a kann och mat engem Coursevëlo gefuer ginn. D’Participatioun ass gratis, eng Umeldung ass net néideg an Dir sidd fräi den Tour tëscht 8h00 an 19h00 ze fueren.
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Trëppeltier fir Kanner
18/06/2026
Musée Thillenvogtei
18/06/2026
Réidener Schwämm
27/05/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Schiefermuseum
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026