Réidener Schwämm
Sauna-Event – Oktoberfest den 16. Oktober 2026
28/08/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener 11.07-09.08
Zanter ville Jore gëtt an der Gemeng Sëll eng geheimnisvoll Geschicht erzielt: Am Sëller Bësch soll eemol e Werwollef gelieft hunn, eng Kreatur tëscht Mënsch an Déier, déi virun allem an de Summernuechte gejot huet. D’Angscht war grouss, an d’Leit hunn de Bësch gemidden.
Bis haut gëtt behaapt, datt de Werwollef ni ganz verschwonnen ass. Komesch Geräischer a mysteriéis Spuere ginn nach ëmmer gemellt.
Wat ass also wierklech drun? Gitt op d'Sich no Indizien am Wëlle Westen a probéiert d’Geheimnis ze léisen. Traut dir Iech?
Dir hutt 1 Mount Zäit, den Indizien nozegoen an ënnerschiddlech Froen an den 9 Gemenge vum Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg ze beäntwerten.
Et ass Iech fräi iwwerlooss, wéi vill Froen Dir wierklech beäntwert, ma schlussendlech geet et dorëm, wien déi meeschte Punkten huet, huet och gewonnen.
Bei engem Gläichstand gëtt de Präis geloust.
Service Tourisme & Service Vivre Ensemble vum Kanton Réiden
tourisme@kanton-reiden.lu
+352 28 33 45 10
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Tourisme
14/08/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Trëppeltier fir Kanner
18/06/2026
Kanton Réiden Administration
14/10/2026
OSCARE
02/10/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Theater
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026