Kultur-Agenda
Agenda Oktober 2026
29/09/2026
Den Theater huet am Kanton Réiden eng laang Traditioun. Zënter iwwer honnert Joer gehéieren d'Theatervirstellunge fest zu eisem Duerfliewen. Generatioune vu Schauspiller a Benevollen hunn dozou bäigedroen, datt dës wäertvoll Traditioun bis haut erhale bliwwen ass.
Wéi de Lokalhistoriker aus dem Préizerdaul, de René Fisch 1987 geschriwwen huet: An enger Zäit, wou et weder Radio nach Televisioun gouf, waren d'Theatervirstellungen ee vun de wéinege gesellschaftlechen Héichpunkten, besonnesch wärend de laange Wanterowenter. Net nëmmen d'Schauspiller, mee dat ganzt Duerf huet voller Virfreed op den Theaterowend gewaart. Wien op der Bün iwwerzeegt huet, gouf nach laang no der Opféierung bewonnert. Dës Begeeschterung huet dozou gefouert, datt ëmmer méi Veräiner Theaterstécker an hire Wanterprogramm opgeholl hunn (aus dem Buch „d'Geschicht vum PREIZERDAUL“ BAUND II – dap-preizerdaul.lu).
Och wann et hautdesdaags fir munch Veräiner heiansdo schwiereg gëtt, Schauspiller ze fannen, bleift den Duerftheater e wichtege Bestanddeel vun eisem kulturelle Patrimoine. Zousätzlech ass den Theater eng Méiglechkeet fir vill Veräiner fir hir lafend Joreskäschten ze decken. Museksveräiner kënnen duerch d'Theater-Recetten zum Beispill hir Instrumenter erhalen respektiv nei kafen oder den Dirigent bezuelen
An un engem feelt et bis haut net: un engem treien a begeeschterte Publikum.
De Jean Nehrenhausen vu Réiden, Lokalhistoriker an Theatermënsch mat Häerz a Séil, verréit eis spannend Ablécker an den Ursprong an an d'Entwécklung vum Theater am Kanton Réiden.
An eisem Land gëtt vun 1850 un Theater gespillt. Am Kanton Réiden huet dës Traditioun an den 1880er Joren ugefaangen, wéi vill Duerfveräiner gegrënnt goufen, déi och déi éischt Theateropféierungen organiséiert hunn.
Wéi och haut nach, hunn all méiglech Veräiner Theater gespillt: Musik, Gesank, Fussball oder Pompjeeën. Et gouf awer och Veräiner, déi speziell fir den Theater gegrënnt goufen, déi sougenannt Theaterveräiner. Esou e Veräin ass beispillsweis 1952 zu Réiden op Ureegung vu mengem Papp, dem Albert Nehrenhausen, gegrënnt ginn.
Déi éischt Stécker waren Operette vum Dicks : D'Mumms Séis (1856), De Scholdschäin (1856), D'Kiermesgäscht (1856), De Ramplassang (1864), Op der Juegd (1870). All gudden Duerfveräin huet schonn e puer vun dëse Stécker opgefouert.
Bis an d'1980er Jore si virun allem Theaterstécker vu Lëtzebuerger Auteuren opgefouert ginn. Dono sinn ëmmer méi Iwwersetzunge vun däitschen an engleschen Theaterstécker op d'Bün komm.
Den Theater war nieft Gesang a Musek den drëtte grousse Pilier vum kulturelle Liewen um Land an e wichtege soziale Rendez-vous. Mäi Papp sot ëmmer: „Wie fréier ni am Duerf op der Bün stung, dee war keen.“ Duerch den Theater huet een d'Duerfleit vun enger anerer Säit wéi am Alldag kennegeléiert. Vill Leit konnte sech esou am Duerf en Numm maachen an hir Perséinlechkeet weisen. Den Theater war domat e staarken Integratiounsfaktor, deen d'Leit aus der Anonymitéit erausgeholl huet, an deen eng Beräicherung fir d'Duerfliewe war.
Et goufe Komedien, Dramen an Operetten opgefouert. Bis ëm 1960 hunn d'Operetten dominéiert. Vill Stécker haten en dramateschen an emotionalen Inhalt, sou datt d'Leit Nuesschnappicher voll gekrasch hunn. Vill vun de Stécker haten och eng moralesch oder patriotesch Noriicht vermëttelt. Zënter den 1960er Jore gëtt am Theater nit méi gekrasch, mee nëmme méi gelaacht.
Jo, do hu mir als Kanton effektiv d'Nues vir. Zu Groussbus gëtt zënter 1993 ënnert der Leedung vum Jemp Schuster Fräiliicht-Theater gespillt, organiséiert vum Veräi Schankemännchen. Bis haut sinn do scho 16 Stécker op d'Bee gestallt ginn, zënter 2013 och all zwee Joer e Kannertheater.
An och zu Réiden huet de Fräiliicht-Theater seng Plaz fonnt: 1996 ass eent bei der Atert opgefouert ginn, 2003 e weidert op der Gemengeplaz an 2016 eent am Worréspark.
Donieft hunn ech probéiert, duerch den Theater de Kontakt tëscht de Gemengen ze stäerken. Opféierunge goufen et am Schlass zu Ell (2004), an de Schifergrouwen zu Uewermaartel (2007) an op der Gemengeplaz zu Bungeref (2010).
Genee. Am Kader vum Kropemannsfest gëtt zënter 2012 de Politikertheater opgefouert, un deem Politiker aus de Gemengen, aus der Chamber an aus der Regierung deelhuelen. Domat beweist de Kanton Réiden, datt den Theater och haut nach eng lieweg Traditioun ass. 12 Kropemannstécker goufe bis elo opgefouert, 10 vu mir selwer, an 2 vu mengem Nofolger, dem Frank Kuffer.
Ech gesinn déi ganz optimistisch. An den 1990er Jore gouf dacks gesot, vill Duerfveräiner géifen d'Joer 2000 nit iwwerliewen. Vill Veräiner hunn tatsächlich Problemer Nowuess ze fannen. D'Theaterveräiner sinn awer dovu vill manner betraff. Vill jonk Leit engagéiere sech mat Begeeschterung, an och de Publikum ass iwwerraschend jonk. Wann e Veräi keen Theater méi spillt, läit dat meeschtens un interne Problemer. Bei deene rengen Theaterveräiner boomt et ewéi ni. Ausverkaafte Säll si praktisch d'Reegel.
Et gëtt wuel kaum e Veräin, wou et bei de Prouwen esou lëschteg zougeet wéi am Theater. En erlaabt de Leit, fir eng kuerz Zäit, aus dem Alldag auszetrieden, d'Suergen ze vergiessen, a bréngt si gläichzäiteg zum Nodenken iwwer verschidde Mënschen-Typpen oder Liewenssituatiounen.
Mam Kropemanns-Theater wollt ech virun allem esou ville Leit wéi méiglech d'Chance ginn, selwer emol op enger Bün ze stoen an nei Säite vu sech ze entdecken.
Fir mech perséinlech war den Theater e wonnerbaart Mëttel, fir e gudde Kontakt zur Bevëlkerung ze kréien an nei Frëndschaften ze schléissen.
Den Duerftheater am Wëlle Westen lieft duerch déi vill Benevoller, déi Joer fir Joer mat vill Häerzblutt, Zäit an Energie op an hannert der Bün aktiv sinn. Si erhalen net nëmmen eng iwwer 100 Joer al Traditioun, mee schafen och Begéinungen, Zesummenhalt a vill flott Momenter.
E grousse Merci un all d'Theatergruppen an un all déi, déi sech fir den Theater am Kanton Réiden asetzen.
Dank Iech lieft dës wäertvoll Traditioun weider.
DATUMER VUN DER THEATER-SAISON 2026/27
|
Kultur-Agenda
29/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Musique dans la Vallée
14/08/2026
Musikschoul
14/08/2026
Kultur-Agenda
29/09/2026
Gemeng Rammerich
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
29/09/2026
De Kanton Réiden Magazine
28/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
28/09/2026
Zone Industrielle Solupla
28/09/2026