Gemeng Groussbus-Wal
De Randschelter Pad ass nees op – a de Solar-Ravi waart zu Randschelt op Iech
30/06/2026
„O, wann ech dat schonn héieren! Mir gi schonn nees spadséieren!“
Wien elo u seng eege Kanner denke muss, fir dee gëtt et am Wëlle Westen elo genau dat Richtegt: Mat den neie Mia-&-Emil-Toure gëtt den nächste Familljenausfluch bestëmmt kee langweilege Spadséiergang, mee eng richteg Entdeckungstour.
Ob de Weekend oder wärend der Vakanz – „Mia & Emil“ bitt flexibel a gratis Aventuren, an dat direkt virun der Dier. D’Konzept ass einfach: Eng spannend Geschicht féiert Kanner an hir Elteren op verschidde besonnesch Plazen an der Regioun. All Tour enthält nieft der Geschicht eng Kaart mat engem Trëppel- oder Vëlostour an Iddie fir eng spilleresch Aktivitéit, wéi e Quiz, e Wanderbingo oder och e Wanderbild. Wien dann nach Zäit huet, fënnt och Tipps fir weider Plazen ze entdecken.
Ob am Musée Thillenvogtei zu Randschelt, der Buerg vun Useldeng, dem Schiefermusée zu Uewermaartel, dem Energiemusée an der Kulturmillen zu Biekerech, dem Park zu Kolpech beim Schlass, bei der aler Eech zu Sëll, dem Musée Michel Lucius zu Rëmerech, dem 385th Bomb Group Museum zu Pärel oder virun dem Turelbaacher Schlass zu Mäerzeg – gitt selwer op Entdeckungstour a fannt eraus, wat d’Mia an den Emil schonn alles Spannendes erlieft hunn!
Dir fannt all d’Toure mam Mia & Emil als Fichë fir auszedrécken, gratis op https://www.visitguttland.lu/de/entdeckungstouren-fuer-kinder.
Dëse Projet gouf ëmgesat am Kader vum LEADER-Projet Geschichteland: Muséeen am Wëlle Westen mat der Ënnerstëtzung vu Visit Wëlle Westen!
LEADER WËLLE WESTEN
43, Grand-Rue ∙ L-8510 Redange / Attert
T. 28 33 49 20
wellewesten@leader.lu
www.leader.lu
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026
Inklusiv Vakanz
30/06/2026
Vëlosummer
18/06/2026
Quiz-Rallye fir Erwuessener
18/06/2026
Musée Thillenvogtei
18/06/2026
Réidener Schwämm
27/05/2026
Musée de l'Ardoise
06/08/2026
Sporting Club Ell
06/08/2026
Foyer de Jour A Butzen
05/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
30/06/2026