Musikschoul
Waasserschued an der Musikschoul vum Kanton Réiden: UPDATE!
29/05/2026
Den 19. Juli 2026 steet d’Sportshal zu Viichten ganz am Zeeche vun der Musek, dem Austausch an dem Zesummeliewen. Mat „Playlist to Connect“ organiséieren d’CCVEI Viichten, am Kader vum Pakt vum Zesummeliewen, zesumme mam Kammerorchester Estro Armonico, dem Jugendtreff Réiden an dem Club 2000 en aussergewéinleche, familjefrëndleche Concert, deen d’Generatioune musikalesch zesummebréngt.
D’Iddi hannert dësem Projet ass et, en intergenerationelle musikaleschen Dialog ze schafen. Op der Bün treffen ënnerschiddlech Musekswelten openeen: D’Museker vum Kammerorchester Estro Armonico an d’Band vum Jugendtreff Réiden wäerten net nëmmen eenzel optrieden, mee och gemeinsam Stécker presentéieren. Dës musikalesch Begéinung gëtt ergänzt duerch den Optrëtt vum Sänger Tim Jaeger an der Union Chorale Viichten, sou datt e Programm entsteet, deen tëscht Klassik a Rock pendelt a gläichzäiteg d’Freed um gemeinsame Musizéieren an den Austausch tëscht de Generatiounen an de Mëttelpunkt stellt.
De Concert fänkt um 18.00 Auer un, d’Diere ginn awer schonn ab 17.00 Auer op. Den Entrée ass fräi. Fir dat leiflecht Wuel suergt de Club 2000, deen de ganze Rendez-vous mat engem Catering begleet.
No der musikalescher Rees geet den Owend an enger gemittlecher Atmosphär weider. Am Kader vun der Fussball-Weltmeeschterschaft gëtt ab 20.30 Auer e Public Viewing organiséiert, bei deem d’Visiteuren de Match zesumme verfollege kënnen.
D’Manifestatioun gëtt vun der Gemeng Viichten an dem Kulturministère ënnerstëtzt a weist op eng flott Aart a Weis, wéi Musek Brécke schafe kann – tëscht Jonken an Eeleren, tëscht verschiddene musikalesche Stiler an tëscht de Mënschen aus der Regioun.
Rendez-vous den 19. Juli an der Sportshal zu Viichten fir en Owend am Zeeche vun der Musek, der Begeeschterung an dem Zesummeliewen.
Musikschoul
29/05/2026
Kultur-Agenda
27/05/2026
Commune d'Ell
22/05/2026
Äerdschëff
20/05/2026
Jean Nehrenhausen
12/05/2026
Kultur-Agenda
30/04/2026
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
Erënnerungen aus dem Liewen
18/06/2026