De Wërwollef am Wëlle Westen - Quiz-Rallye fir Erwuessener vum Service Tourisme & Service Vivre Ensemble vum Kanton Réiden

Veröffentlicht: 18/06/2026 - 15:27
Aktualisiert: 18/06/2026 - 15:32
1 Minute

11.07-09.08 

Zanter ville Jore gëtt an der Gemeng Sëll eng geheimnisvoll Geschicht erzielt: Am Sëller Bësch soll eemol e Werwollef gelieft hunn, eng Kreatur tëscht Mënsch an Déier, déi virun allem an de Summernuechte gejot huet. D’Angscht war grouss, an d’Leit hunn de Bësch gemidden. 

Bis haut gëtt behaapt, datt de Werwollef ni ganz verschwonnen ass. Komesch Geräischer a mysteriéis Spuere ginn nach ëmmer gemellt. 

Wat ass also wierklech drun? Gitt op d'Sich no Indizien am Wëlle Westen a probéiert d’Geheimnis ze léisen. Traut dir Iech? 

Spilloflaf: 

Dir hutt 1 Mount Zäit, den Indizien nozegoen an ënnerschiddlech Froen an den 9 Gemenge vum Kanton Réiden an der Gemeng Mäerzeg ze beäntwerten. 

Et ass Iech fräi iwwerlooss, wéi vill Froen Dir wierklech beäntwert, ma schlussendlech geet et dorëm, wien déi meeschte Punkten huet, huet och gewonnen. 

Bei engem Gläichstand gëtt de Präis geloust. 

Präisser: 

  • 1 Iwwernuechtung am neie ‘Gîte Randschelt’ 
  • 150 € Consommatiouns-Bong am Hotel-Restaurant ‘La Différence’ 
  • 150 € Consommatiouns-Bong am Restaurant ‘Am Schlass‘  
  • 1 Corbeille aus der Regioun am Wäert vun 80€ 

Umeldung & Info: 

tourisme@kanton-reiden.lu 

+352 28 33 45 10 

Teilen auf

Weitere Artikel aus der Rubrik Freizeit & Tourismus

Aktuelle Nachrichten