HOP HOP an de Musée
Museum Days 2026 am Kanton Réiden de 16. a 17. Mee 2026
29/04/2026
D’Rosa Pletschette, Joergang 1937, huet mat hirer Epicerie, als Gemengeconseillère an als engagéiert Präsidentin vun de Fraen a Mammen, d’Liewen an der Réidener Gemeng iwwer vill Joren aktiv matgepräägt. Och mat hiren 89 Joer spruddelt si nach ëmmer vun Energie an hëlt eis an dësem Gespréich mat op eng Rees duerch hiert beweegtent Liewen.
Mir waren zu zwee Meedercher an zwee Jongen doheem. Eis Elteren haten e Café zu Mäerzeg, a mäi Papp war och Véihändler an dacks ënnerwee. Mir haten e puer Kéi a Schwäin. Am Summer sinn ech mat mengem Brudder d’Kéi op d’Wiss sträiche gaangen. Mat menge Geschwëster hu mir vill an der Noperschaft gespillt, an ech sinn dacks bei d’Nopesch strécke gaangen.
Als Kand hu mir net an d’Wiertschaft duerften. Et war virun allem owes vill lass, wann d’Aarbechter no Feierowend komm sinn a spéit heem gaange sinn. D’Wiertschaft war ëmmer op, an dofir si mir ni mat der ganzer Famill an d’Vakanz gaangen. Mir Kanner sinn awer dacks op Esch-Sauer bei d’Famill an d’Vakanz gaangen.
No der Primärschoul war ech an der Pensioun zu Ettelbréck. An de Summerméint hunn ech zu Munneref an engem Hotel zerwéiert – dat huet mir richteg Freed gemeet. No der Pensioun hunn ech am Café vun eisen Eltere matgehollef. 1956 hunn ech och do mäi Mann, de Pierchen Pletschette vu Réiden, kennegeléiert. Hie war zesumme mat mengem Brudder beim Militär.
Jo, 1959 si mir bestuet ginn an hu séier eis véier Meedercher krut. Ech hunn direkt an der Epicerie vu mengem Mann a sengen Eltere matgeschafft. Bis 1970 hate mir en typeschen Tante-Emma-Laden, wou d’Produiten iwwer d’Théik gereecht goufen. Duerno hu mir op Self-Service ëmgebaut. Mir waren deemools eng vu sechs Epicerien zu Réiden.
Ech war wierklech frou an der Epicerie – ech hat vill Kontakt mat de Leit, an et gouf ëmmer vill ze dinn. Wéi mir eng richteg Kees kruten, hu mir net méi bréichten alles opzeschreiwen an zesummenzerechnen. Wéinst där Maschinn hate mir Zodi mat de Schwéiereltere krut, déi dës awer guer net wollten!
Ech war jorelaang Präsidentin vun de Fraen a Mamme vum Dekanat a vun der Par. Vun 1999 bis 2011 war ech och am Réidener Gemengerot, dat war ganz interessant, well ee vill ënnerwee war.
No 37 Joer an der Epicerie sinn ech an d’Pensioun gaangen. Ech sinn du jorelaang op Bichenberg am Elsass an e Klouschter aushëllefe gaangen. Duerch d’Frëndschaft mat engem Pater, déi ech do geschloss hunn, sinn ech zweemol an de Kongo gereest. An ech si bis elo 95 Mol op Lourdes gepilgert – dëse Summer gëtt et meng 96. Kéier.
Béid Kongo-Reese waren immens beräicherend. Ech hu bei de Pateren am Klouschter gewunnt a krut esou e ganz gudden Abléck an d’Klouschterliewen am Kongo. Bei menger éischter Rees gouf et nach keng Dusch, bei der 2. Rees war se awer gebaut!
D’Leit sinn aarm, mee si deelen dat, wat se hunn, a si ganz häerzlech. Ech géif direkt nach eng Kéier dohinner goen, mee meng Meedercher sinn net esou begeeschtert dovun.
D’Kaartespill! Och hei am HPPA hunn ech eng flott Ekipp fonnt – mir spillen op mannst eemol d’Woch Kontra mat, Whist a Rummy.
Virun 30 Joer ass den Telefon gaangen, wéi ech grad am Bett louch. Et war d’Gendarmerie, déi mech gefrot huet, ob ech eng Duechter mam Numm Lony hätt. Si wier schwéier blesséiert, well een an hiren Auto gerannt wier; zwou Persounen am aneren Auto wiere beim Accident ëmkomm. Ech sinn direkt mat de Gendaarmen op Ettelbréck an d’Spidol gefuer, fir d‘Lony ze identifizéieren. D’Lony huet den Accident iwwerlieft, mee hatt konnt ni méi schaffe goen a leit haut nach ënner de Suitten.
Am Glawen hunn ech d’Kraaft fonnt, fir weiderzemaachen. Och meng Reesen op Lourdes, d’Famill an d’Ënnerstëtzung vun de Leit ronderëm mech hu mir vill gehollef.
Mäi Rezept: gesond liewen, reegelméisseg schlofen, Hobbyen hunn, dat Bescht aus allem maachen an ëmmer no vir kucken.
Zefriddenheet heescht fir mech, gutt Mënsche ronderëm sech ze hunn, dat ze maachen, wat ee gär huet, sech ze trauen, Neies ze probéieren, an och seng Feeler ze akzeptéieren an dovunner ze léieren.
HOP HOP an de Musée
29/04/2026
Gemeng Préizerdaul
17/04/2026
Lokal Geschicht
26/01/2026
Geschicht a Patrimoine
24/11/2025
Projet Zäitrees
01/10/2025
Musée Thillenvogtei
11/09/2025
Syndicats du Canton de Redange
27/05/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026
18/06/2026