Musikschoul
Dräi musikalesch Rendez-vousen
25/09/2026
Kuerz virun der Päischtvakanz war d’Musikschoul vum Kanton Réiden vun engem bedeitende Waasserschued betraff.
Dank dem séieren Asaz vum Service technique, den zoustännege Betriber an dem Personal vun der Schoul konnten d'Schied séier begrenzt an d'Sécherheet am Gebai garantéiert ginn. Verschidde Klassesäll si betraff.
No enger grëndlecher Analys vun der Situatioun freeë mir eis matzedeelen, datt all Coursen nom Enn vun de Päischtvakanzen erëm normal kënne stattfannen.
Bis zum Enn vum Schouljoer sinn awer verschidden organisatoresch Upassungen néideg. Eng Rei Säll bleiwen temporär zou, fir datt déi néideg Sanéierungsaarbechte kënne weidergefouert ginn. Déi concernéiert Coursen ginn an aner Raimlechkeete vun der Schoul an am Internat verluecht.
D’Musikschoul vum Kanton Réiden wëll sech häerzlech bei all deene bedanken, déi an dëser aussergewéinlecher Situatioun gehollef an ënnerstëtzt hunn.
Trotz dësem onerwaarten Evenement gëtt alles ënnerholl, fir de musikaleschen Unterrecht bis zum Enn vum Schouljoer ënner de beschte méigleche Konditiounen ze garantéieren.
Musikschoul
25/09/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026
Kultur-Agenda
21/08/2026
Musique dans la Vallée
14/08/2026
Musikschoul
14/08/2026
Schankemännchen
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026