Gemeng Groussbus-Wal
Aweiung vun der neier Extensioun um Campus Schlassgaart zu Groussbus
25/09/2026
Samschdes, de 4. Juli steet d'Réidener Groussgaass vun 10h00 bis 18h00 ganz am Zeeche vum Summerfest, dat vun der Union Commerciale et Artisanale Réiden an der asbl Maartstëmmung Réiden organiséiert gëtt.
Déi lokal Geschäfter maachen hir Dieren op a lackele mat gudden Affären a spezielle Braderie-Präisser. Nieft de Butteker wäerten och vill zousätzlech Verkafsstänn an der Groussgaass opgeriicht sinn, soudatt fir all Goût eppes dobäi ass.
Och fir dat kulinarescht Wuel ass beschtens gesuergt. Verschidde Stänn bidden Iessen a Gedrénks un.
Fir déi richteg Feststëmmung suerge Concerten a Live-Bands, déi de ganzen Dag iwwer fir musikalesch Animatioun garantéieren.
| Horaire | Animation |
|---|---|
| 10h00 – 11h30 | DJ DAVI-D |
| 11h30 – 12h30 | Sëller Musik |
| 13h00 – 14h00 | Schweecherdauler Musik |
| 14h00 – 14h40 | Grupo Folclórico de Redange |
| 14h40 – 15h50 | DJ DAVI-D |
| 16h00 – 17h00 | Réidener Musik |
| 17h00 – 19h00 | DJ DAVI-D |
Och déi jéngst Gäscht kommen net ze kuerz: Mat enger spezieller Kanneranimatioun (Sprangschlass, Facepainting,…) ass och fir Spaass a Beschäftegung vun de Kanner gesuergt.
D'Summerfest ass domat déi ideal Geleeënheet, fir déi lokal Geschäfter z'ënnerstëtzen, flott Schnäppchen ze maachen an e puer geselleg Stonnen zu Réiden ze verbréngen.
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Gemeng Useldeng
18/08/2026
Gemeng Useldeng
17/08/2026
Gemeng Réiden
17/08/2026
Gemeng Ell
14/08/2026
Gemeng Rammerich
30/06/2026
Gemeng Groussbus-Wal
25/09/2026
Musikschoul
25/09/2026
Club Atertdall
25/09/2026
LEADER Wëlle Westen
16/09/2026
Réidener Schwämm
28/08/2026
Kanton Réiden Vivre Ensemble
24/08/2026